Gesondheetsinstitut zu EschEt gëtt aktiv no Antikierper gesicht

Christophe Hochard
Ganz äifreg gëtt aktuell an de Laboe vum Gesondheetsinstitut zu Esch geschafft.
Et gëtt aktiv no Antikierper gesicht
Ganz äifreg gëtt aktuell an de Laboe vum Gesondheetsinstitut zu Esch geschafft.

D’Ekipp vum Christiane Hilger sicht am Kader vum Covid-19 aktiv no Antikierper bei de Leit.

Et ass e Projet, deen zanter Abrëll leeft an nach bis Enn Oktober dauert. Finanzéiert gëtt e vum Fond National de la Recherche, kuerz FNR. Mat dësen Antikierper-Tester si klinesch Studie virgesinn.

2 bis 3 Leit schaffe permanent un dësem Antikierper-Projet. Et si vill Etappe bis zum Endresultat.

An net Covid-19-Zäite geet d’Christiane Hilger an hir Ekipp den Allergien hei zu Lëtzebuerg op d’Spuer. Elo gëtt déi ganz Energie an d’Corona-Pandemie gestach.

D’Antikierper-Tester lafen net am LIH, mee a kommerzielle Laboen.

Back to Top
CIM LOGO