Déi Lénk maache sech Suergen iwwert d'Situatioun vu Fraen a Prisongen

© RTL Archiv
De Marc Baum berifft sech op e Rapport deen 2017 entstanen ass. Ënnersicht gouf d'Situatioun vun de weibleche Prisonéier, an déi wier net gutt.
Am Hierscht 2022 soll de Prisong um Uerschterhaff zu Suessem a Betrib geholl ginn. Dann kann d'Infrastruktur zu Schraasseg progressiv renovéiert ginn. Aktuell entsprécht dee Prisong net all den haitege Besoinen. An enger parlamentarescher Fro un d'Justizministesch Sam Tanson weist den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum sech besuergt iwwer d'Situatioun vun de Fraen déi am Prisong sinn.
De Marc Baum berifft sech op e Rapport deen 2017 iwwer d'Mediatioun vum Claudia Monti entstanen ass. Ënnersicht gouf d'Situatioun vun de weibleche Prisonéier. Et koum eraus, dass déi alles anescht ewéi gutt wär. Par Rapport zu de Männer, wären d'Fraen am Prisong benodeelegt, ass am Bericht ze liesen. Ee Beispill wär do déi therapeutesch Betreiung.
D'Justizministesch Sam Tanson gëtt an hirer Äntwert un den Deputéierte vun déi Lénk zou, dass d'Fraen am Prisong zu Schraasseg den Ament net vun all den therapeuteschen Traitementer profitéiere kënnen, well d' Raim dofir ze kleng sinn an déi weiblech an déi männlech Prisonéier aus Sécherheetsgrënn musse strikt vunenee getrennt sinn. Well d'Infrastruktur jo awer moderniséiert soll ginn, géifen den Ministère an déi zoustänneg Administratioun drop halen, déi therapeutesch Offer fir Fraen am Prisong ze vergréisseren. Aktuell géifen déi Professionell vum Schraasseger Prisong och selwer un engem respektive Projet schaffen. D'Ministesch vertréischt de Marc Baum mam Verspriechen: wann de Prisong bis um neiste Stand ass, da ginn d'Frae besser betreit.
Am Rapport vun 2017 hat de Mediateur och festgestallt, dass et fir Prisonéier net einfach ass Besuch vun der Famill ze kréien.
D'Méiglechkeet fir sougenannt ''intim Visitten'' géif et souguer iwwerhaapt net ginn. D'Ministesch confirméiert dat. Am Prisong zu Schraasseg gëtt et fir déi Zort vu Visitte keng Infrastruktur, mä och dat soll sech änneren.
D'Sam Tanson schléisst iwwerdeems quasi aus, dass et an den Infrastrukture fir de Strofvollzuch zu sexueller Gewalt géint weiblech Prisonéier ka kommen. Dat well d'Fraen am Prisong ebe strikt vun de Männer getrennt sinn.
De Mediateur hat och kritiséiert, dass d'Frae wärend hirer Prisongsstrof net déi selwecht Méiglechkeeten hunn, ze schaffen ewéi d'Männer. Fir d'Frae géife leider quasi just Aufgaben a Fro kommen ewéi d'Strecken an d'Bitzen, steet am Rapport. De Marc Baum wollt deemno och wëssen, ob et elo dräi Joer no der Publikatioun vum Rapport scho méi eng grouss Mixitéit an de verschiddenen Ateliere gëtt. D'Äntwert: nee. Déi zoustänneg Administratioun wär zwar am Gaangen ze préiwen, a wéi engen Ateliere weiblech Prisonéier kéinten integréiert ginn, wéinst dem Coronavirus géif et aktuell awer keng valabel Resultater ginn.
Ënnert dem Stréch geet aus den Äntwerte vun der Justizministesch op dës parlamentaresch Fro ervir, dass een sech grouss Changementer erwaart, wann de Prisong um Uerschterhaff an de Betrib geholl an de Schraasseger Prisong moderniséiert gëtt. Obwuel um Uerschterhaff exklusiv Männer an Untersuchungshaft ënnerkommen. De Block dee fir Frae reservéiert ass bleift zu Schraasseg. Da wäert awer wuel méi Plaz sinn.
Am Joer 2017 waren iwwregens 34 Fraen zu Schraasseg agespaart a 6 zu Giwenech.