De Gewerkschaftler, Gemengepolitiker, Deputéierten, CSV-Parteipresident, Minister, Chamberpresident, Europadeputéierte Jean Spautz krut 90 Joer.

E joviale Mënsch, no beim Vollek, deen derfir bekannt ass, vun der Long op d'Zong ze schwätzen. Als Schmelzaarbechter, féiert dem Spautze Jang, wéi déi Eeler en nennen, säi Wee an d'Gewerkschaftsliewen. Vun 1967 bis 1980 leet de Jean Spautz als President d'Geschécker vum LCGB.

Tweet LCGB

1959 scho gëtt de Jean Spautz als jéngsten Deputéierten deemools eng éischte Kéier an d'Chamber gewielt. Datt den obligatoresche Militärdéngscht zu Lëtzebuerg ofgeschaaft gëtt, geet op seng Initiative zréck. 10 Mol trëtt hien am ganze bei de Walen un a gëtt ëmmer gewielt.

RTL

De Jean Spautz gouf um Mëttwoch de Moie vum Chamberpresident Fernand Etgen empfaangen. / © Domingos Oliveira / RTL

De Jean Spautz huet och 1982 de deemolege Premier Pierre Werner iwwerzeegt, fir de Jean-Claude Juncker an d'Regierung ze huelen.

Gebuer gouf de Jean Spautz den 9. September 1930 zu Schëffleng. Haut feiert e wéi gesot säin 90. Gebuertsdag.

De Jean Spautz gouf zesumme mat senger Famill fir säi Gebuertsdag um Mëttwoch an der Chamber empfaangen. Do hat de Pierre Jans d'Geleeënheet, fir mam Jean Spautz ze schwätzen. De Jean Spautz kënnt vum Parking aus a Richtung Chamber getrëppelt, ganz ouni Stäip. 90 Joer a fit.

Jean Spautz kritt haut 90 Joer / Reportage Pierre Jans

''Ech ka mech net beschwéieren. Ech sinn zefridden. Mat 90 Joer hunn ech kee Problem.''

Jo de Lockdown wéinst der Corona-Pandemie. Och fir de Jean Spautz wär dat keng einfach Zäit gewiescht, wéi fir jiddereen.

''Ech stelle fest mat Satisfaktioun, dass d'Lëtzebuerger ganz disziplinéiert sinn. Do ass jo och vun uewen erof dofir gesuergt ginn, fir d'Leit opzeklären. Déi zwou Saachen: Mask an Distanz.''

D'Problemer mam Häerz, déi de Jean Spautz déi lescht Joren hat, huet hien am Grëff. Ma vun näischt kéim dat net.

''Wou se mech operéiert haten, hu se gesot: ''den Apparat eleng geet net duer. Wann dir näischt maacht, mécht den Apparat och näischt.'' All Moien stinn ech um hallwer 7 op. Da ginn ech e puer Kilometer ze Fouss. An ech hu geléiert schwammen. Ech konnt net schwammen. Déi Zäit sinn et nach keng Schwämme ginn. Haut ginn ech dräi mol an der Woch Aqua-Gym maachen.''

Och de Geescht brauch Training, seet de Jean Spautz. Dofir liest den fréiere Politiker ganz vill.. natierlech vill iwwer Politik. Se hëlt einfach e groussen Deel vu sengem Liewen an. An hie selwer huet och méi jonke Leit et erméiglecht grouss politesch Karriären anzeschloen. 1982 huet hien sech net ouni Risiko staark gemaach fir e jonke Jean-Claude Juncker.

''Also do sinn ech terribel houfreg. Terribel houfreg, dass ech dobäi war, mam Jacques Santer, wéi d'Decisioun geholl gouf, fir de Jean-Claude Juncker (Red: als Staatssekretär) ze nominéieren. Dat war deemools eng ganz grouss Iwwerraschung.''

Mä dem Jean Spautz säi Plang goung op. An der Partei, zu Lëtzebuerg an an Europa. De JCJ huet geliwwert. Mä esou Kalibere wuessen net um Bam, seet de Jean Spautz, dofir misst eng Partei ëmmer mat deene Politiker eens ginn, déi se huet. A bei der CSV streiden déi sech den Ament wéinst dem Parteipresident Frank Engel sengem Cavalier Seul mat neie Proposen a Steierfroen.

''Mir si kee Gesangveräin, wou deen ee virséngt an déi aner ofhuelen.''

D'Coronakris huet awer villes op d'Kopp geheit. Se kascht d'Land Milliarden. An do misst och seng Partei no neie Léisunge sichen, seet den Jean Spautz.

''Do ass et da bei eis ëmmer üblech gewiescht: Wann eng Situatioun vun där mir am Moment x ausgaange sinn, sech ännert. Da musse mir dohin zeréckgoen an där Situatioun Rechnung droen. An dat ass hei net geschitt ewéi et hätt solle geschéien. Ech mengen dat wär awer eng Affär, déi mir nach an d'Réi kriten. Ech wëll mech awer hidden. Elo soen déi aner: ''elo huet deen 90 Joer an e wëll nach Schoulmeeschter spillen''. Ech wëll net Schoulmeeschter spille menge Parteikolleege vis-à-vis, mä ech wäert awer jiddefalls meng Meenung och dozou bäidroen.''

Dorun huet bei der CSV bestëmmt kee gezweiwelt.