Nieft dem gesondheetleche Volet gëtt ëmmer méi de wirtschaftlechen Impakt vun der Kris siichtbar a fuerdert Solutiounen. D’Annonce vun ArcelorMittal, zu Lëtzebuerg 570 Aarbechtsplazen ofzebauen, stellt Froen iwwert de Wäert vun der europäescher Industriepolitik. E Secteur, deen och enger Verschäerfung vun de Klimaziler ausgesat ass, wat och Thema dës Woch am Europaparlament ass.
De Brexit ass an enger onméiglech Situatioun, nodeems de brittesche Premier den Austrëttsaccord net méi akzeptéiere wëll. D’Sich nom Ëmgang mat Russland, no der Vergëftung vum Oppositiounspolitiker Nawalny, d’Fuerderung no Sanktioune géint de wäissrussesche Regimm an de Konflikt tëscht den zwee Nato-Partner Tierkei a Griicheland, alles Themen, déi d’europäesch Politik op d’Trapp halen. Dann och ganz aktuell d’Relance vun der Debatt iwwer d’Besteiere vu Verméigen zu Lëtzebuerg, respektiv d’Steiergerechtegkeet an d’FISe ware Sujet. D’Themen am Interview mam Europadeputéierte Charles Goerens.