
Creos muss säin Héichspannungsnetz moderniséieren a bei där Geleeënheet ginn och Deeler vum Reseau verstäerkt. Vun elo 220 op spéider 380 Kilo-Volt.
Vertrieder vu Creos waren e Mëttwoch an der parlamentarescher Kommissioun fir Ëmwelt, Klima, Energie an den Amenagement du Territoire an hunn do de Memberen de “Projet 380" virgestallt.
De Public gëtt iwwregens am Laf vum Donneschdeg de Moien op enger Pressekonferenz informéiert, dofir goufen e Mëttwoch no der Kommissioun keng Detailer iwwert de Projet genannt, datt en néideg ass, domadder schéngt awer jiddereen d’accord ze sinn.
Et gëtt ëmmer méi Stroum gebraucht, seet den CSV-Deputéierten Paul Galles. Seng Partei ass dovunner iwwerzeegt, datt et richteg ass, dëse Projet am Detail, zesumme mat de Gemengen, déi betraff sinn, ze plangen.
De Projet gouf och schonn am Virfeld kritiséiert, den Energieminister Claude Turmes betount awer, datt en um Enn e positiven Impakt op d’Liewensqualitéit huet: “Ech well eigentlech, dass wann déi Leitung gebaut gëtt, dass net wéi haut, nach Staarkleitungen iwwer Haiser ginn. Dat heescht, d’Liewensqualitéit soll verbessert ginn an ech hunn och mat der Creos eigentlech ofgemaach, dass mer am Endeffekt dono méi Leitungen ewechrappen, wéi mer bäibauen. Dat heescht, dass mer insgesamt e positiven Impakt op d’Natur an och op d’Mënschen hunn, wann déi Leitung hei bis steet.”
D’Leitunge kéinte reng theoretesch och an de Buedem geluecht ginn, do misste se awer gekillt ginn.
Eng Ëmweltimpaktetüd soll klären, ob dat Sënn mécht. Op déi, seet de Paul Galles, géif een awer nach waarden.
“Iwwerierdesch oder ënnerierdesch, dat war eng Fro, déi gestallt gouf, woubäi awer och do kloer erkläert gouf, dass dat ënnerierdescht vill méi deier gëtt an datt dat vläicht méi Nuisancen op d’Ëmwelt huet, wéi dat iwwerierdescht.”Och déi Lénk sinn dovunner iwwerzeegt, datt de Projet néideg ass, well den Energieverbrauch an d’Luucht geet. Den David Wagner gëtt just ze bedenken, datt et schwéier ass ze wëssen, wéi den Energieverbrauch an 10 Joer ausgesäit.