Spagat tëscht Sécherheet an Offer vu WunnengenMéi Kontroll vu Kaffiszëmmeren, mee manner Krittären, fir konform ze sinn

François Aulner
De Gesetzprojet ass nach net finaliséiert, soll awer am Summer op den Instanzewee goen.
E Kaffiszëmmer (Symbolbild)
© RTL

Kaffiszëmmere mussen an Zukunft manner Conditiounen erfëllen, fir konform ze sinn, mee wann een net konform ass, soll et eng "Taxe d’insalubrité" ginn. D'Logementskommissioun vun der Chamber krut en Dënschdeg vum zoustännege Minister a senge Beamten Informatiounen iwwer d'Reform vum Salubritéitsgesetz vun 2019. D'Begrëffer "Chambre meublée" oder "Kaffiszëmmer" sollen duerch "Logements à baux multiples" ersat ginn.

Esou Zëmmere missten nach ëmmer minimal néng Meterkaree grouss sinn, respektiv néng Meterkaree pro Persoun vun iwwer 12 Joer hunn. Déi Altersdefinitioun ass virgesi fir de Fall, wou eng Koppel e Kand kritt an d'Wunneng doduerch automatesch net méi konform wier.

Och wann een hei vu ganz klengen prekäre Wunnenge schwätzt, ass d'Philosophie kloer: et wëll een net duerch ze strikt Krittäre manner Wunnengen um Marché hunn. Krittären aus dem Gesetz vun 2019, ewéi d'Gréisst vun engem Dësch oder wéi vill Sëtzplazen ee brauch, géingen ewechfalen.

Eng Taxe d'insalubrité fir déi net-konform an e Label fir déi konform

Buergermeeschteren a Gemengeservicer sollen dann awer méi Méiglechkeete kréien, fir Kontrollen ze maachen. Eng forcéiert Entrée an d'Wunneng bleift ënner Conditiounen, misst awer net méi vun engem Geriicht ordonéiert sinn. Allerdéngs misst et "streng Indicen" ginn, datt et eng Gefor fir d'Gesondheet oder d'Sécherheet vum Awunner gëtt. 15 Deeg no enger Visite misst e klore Procès-verbal virleien.

Fir dofir ze suergen, datt Wunnengen, déi net "salubre" sinn, net den Dag drop nees verlount ginn, soll en obligatoresche "Marquage" agefouert ginn. An anere Wieder, op der Wunneng steet en Avis drop, datt d'Wunneng net konform ass.

Am Fall, wou eng Wunneng net salubre ass, misst de Besëtzer eng "Taxe d’insalubrité" bezuelen, där hire Montant nach net determinéiert wier, mee dem Claude Meisch no schonn ofschreckend soll sinn. Déi Tax géing awer och am Fall, wou e Locataire muss relogéiert ginn, agesat ginn, fir déi Käschten ze decken. Déi Tax géing bezuelt ginn, bis d'Wunneng nees konform wier. E Besëtzer misst bis zu 12 Méint laang fir e Relogement opkommen. Aktuell sinn et dräi Méint.

Fir ëmgedréint Besëtzer vu konforme Wunnengen ze belounen, soll et e Label ginn, dee fir dräi Joer gëllt an op all Annonce ka gewise ginn.

Sécherheet fir jiddereen oder tëscht neien an ale Wunnengen ënnerscheeden?

Den Alex Donnersbach huet sech Froen iwwert d'Sécherheetsnorme gestallt, déi a sengen Aen dacks iwwerdriwwe wieren. Feierbestëmmunge fir eeler Wunnenge missten dem CSV-Deputéierten no manner restriktiv sinn. De gréngen Députéierte Meris Sehovic war der Meenung, datt all Mënsch d'selwescht gutt geschützt misst sinn, ob al oder nei Wunneng. A sengen Ae wier et besser, iwwer Derogatiounen ze fueren.

De Claude Meisch sot, hie géing béid Säite verstoen an huet fir den Equiliber plädéiert. Falls een ze streng wier, géing ee riskéieren, nach méi Wunnengen duerno eidel stoen ze hunn. Op der anerer Säit misst natierlech d'Sécherheet garantéiert sinn.

De Gesetzprojet ass nach net finaliséiert, soll awer am Summer op den Instanzewee goen.

Back to Top
CIM LOGO