Neie Kooperatiounsaccord ënnerschriwwenLëtzebuerg an Däitschland verstäerke Police-Zesummenaarbecht

Tim Morizet
Den Accord kënnt net zoufälleg. Hannergrond ass och d'Entwécklung vun der Kriminalitéit. Ëmmer méi Tätergruppen operéieren international.
Lëtzebuerg an Däitschland verstäerken Police-Zesummenaarbecht
Den Accord kënnt net zoufälleg. Hannergrond ass och d'Entwécklung vun der Kriminalitéit: ëmmer méi Tätergruppen operéieren international.

Zu Bollenduerf, direkt un der lëtzebuergesch-däitscher Grenz, hunn d'Policeautoritéiten aus béide Länner en neie Schratt an hirer Zesummenaarbecht gemaach. Um Schlass Weilerbach gouf en neie Kooperatiounsaccord ënnerschriwwen, deen d'gemeinsam Kontrollen a Patrullen tëscht Lëtzebuerg an Däitschland weider ausbaut.

D'Zil vum Accord ass kloer: zesumme méi effikass géint grenziwwerschreidend Kriminalitéit virgoen. D'Kooperatioun baséiert op europäesche Reegelen, dorënner de Prüm-Accord, deen d'Police-Zesummenaarbecht an Europa schonn zanter Jore vereinfacht.

Gemeinsam Patrulle mat der Landespolizei goufen et zwar schonn an der Vergaangenheet, zum Beispill op Evenementer wéi Chrëschtmäert oder der Schueberfouer, mee dës sollen elo nach méi systematesch agesat ginn.

"Duerch déi gemeinsam Patrullen hu mer natierlech d'Méiglechkeet, gemeinsam mat de Lëtzebuerger Polizisten op den Terrain ze goen, gemeinsam Feststellungen ze treffen. An an dësem Fall zum Beispill och, datt d'Lëtzebuerger op eiser Säit kënnen aktiv ginn an ëmgedréint. Dat ass eng nei Dimensioun an der Zesummenaarbecht mat Lëtzebuerg", erkläert de Gregor Pelzl, President vun der Bundespolizeidirektion Koblenz.

Méi Präsenz op Stroossen a Schinnen

Konkret heescht dat: däitsch a lëtzebuergesch Beamte sinn zesummen am Asaz, op Autobunnen an op bekannten Transitstrecken. Informatioune kënnen esou direkt gedeelt, an Interventioune méi séier koordinéiert ginn.

"Et kënnt awer nach en aneren Aspekt dobäi, an zwar och Zuchkontrollen, déi mer zesumme mat der däitscher Bundespolizei op den Haaptstrecken tëscht Lëtzebuerg an Däitschland wëlle maachen, haaptsächlech Tréier. Do wäerte mer déi gemeinsam Verfaren, déi mer scho mat de belschen a franséische Kolleegen hunn, weiderféieren", seet Pascal Peters, Generaldirekter vun der Lëtzebuerger Police.

Kriminalitéit gëtt ëmmer méi international

Den Accord kënnt net zoufälleg. Hannergrond ass och d'Entwécklung vun der Kriminalitéit. Ëmmer méi Tätergruppen operéieren international. Besonnesch bei Déifstall, Drogentrafic oder illegaler Migratioun spillen d'Grenzen eng zentral Roll. "D'Stroftäter hale sech net u Grenzen. An dat ass eis Äntwert als Police: déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht mat der lëtzebuergescher Police weiderentwéckelen", betount de Gregor Pelzl.

Demonstratiounen a klore Message

Nieft der offizieller Ënnerschrëft goufen zu Bollenduerf och konkret Asätz presentéiert, dorënner gemeinsam Patrullen an eng Demonstratioun vun Dronepilote vun der däitscher Bundespolizei.

De Message vum Dag ass däitlech: Sécherheet hält net op der Grenz op an dofir soll och d'Police an Zukunft nach méi enk mat den däitsche Kolleegen zesummeschaffen.

Back to Top
CIM LOGO