Keen direkte Grond zur PanikAss 5G eng Gefor fir d’Gesondheet?

RTL Lëtzebuerg
Ass elektromagnéitesch Stralung gesondheetsschiedlech? Et gëtt keng wëssenschaftlech Evidenz, ma et kann een och net de Contraire behaapten.
Ass 5G eng Gefor fir d’Gesondheet?
Ass elektromagnéitesch Stralung gesondheetsschiedlech? Et gëtt keng wëssenschaftlech Evidenz, ma et kann een och net de Contraire behaapten.

Ass d’elektromagnéitesch Stralung déi vum 5G ausgeet schiedlech fir d’Gesondheet? Jo, et wäert en Impakt op d’Zuel vu Kriibs- an Alzheimer Fäll ginn, dat seet de franséische Professer Dominique Belpomme. De Kriibsdokter, dee sech och mat der sougenannter Elektro-Hypersensibilitéit beschäftegt an ënner Confrèren a Wëssenschaftler net onëmstridden ass, hat leschte Freideg op Invitatioun vun de Beweegung Stop 5G eng Konferenz zu Lëtzebuerg gehalen. D’Raphaëlle Dickes huet sech mam Mann ënnerhalen, wollt awer och wëssen, wat haut effektiv wëssenschaftlech bewisen ass.

Fir de Professer Dominique Belpomme ass d’Aféiere vum 5G e Verbrieche géint d’Mënschheet. Se géif eng Verännerung vun der Gesellschaft matsechbréngen, déi ausser der Industrie kee gefrot hätt. Ma virop wär déi nei Technologie eng Gefor fir d’Ëmwelt an d’Gesondheet vum Mënsch. Dat duerch déi sëllegen Antennen, déi missten opgestallt ginn.

Cette proximité va faire que les individus seront beaucoup plus exposés. Et étant plus exposées, il est évident qu’il y aura un retentissement sanitaire avec le développement du nombre de cancers, de développement du nombre cas de maladies d’Alzheimer et les autres complications qu’on connaît déjà avec la 4G.

De Kriibsdokter gesäit och en Zesummenhang tëscht dem 5G an dem Coronavirus. Elektromagnéitfelder hätten eng toxesch Wierkung op d’Immunsystem, doduerch kéinten d’Vire sech besser verbreeden a veränneren a vum Déier op de Mënsch iwwergoen.

C’est ce qui s’est passé à Wuhan probablement, puisque cette ville est superéquipée déjà d’antennes de 5G et que la baisse d’immunité concernant pas seulement les animaux, mais aussi l’homme.

Hei missten awer weider Recherche gemaach ginn, seet de 5G-Kritiker.

RTL-News: Debatt an der Chamber: D’Petitionären hunn e Stopp vum 5G gefuerdert, bis Etüden do wieren Pandemië, Kriibs, Alzheimer. bedéngt duerch d’Elektromagnéitesch Stralung vum Smartphone an Antennen. Do kann ee sech d’Fro stellen, wat iwwerhaapt wëssenschaftlech beluecht ass?

Mat der Fro huet d’Ekipp vu science.lu sech intensiv beschäftegt an en neutrale 5G-Faktencheck gemaach, de Jhemp Bertemes erkläert.

Do hu mer festgestallt, datt wann ee ganz vill Etüd kuckt, wou et natierlech e puer Etüde soen, et ginn gesondheetsschiedlech Effekter, anerer, déi dat net soen. Wann een dat alles zesummenhëlt, widderspriechen déi sech ganz staark. Esou datt ee ka soen, datt et keng wëssenschaftlech Evidenz à ce stade gëtt, datt elektromagnéitesch Stralung gesondheetsschiedlech wier. Et ass awer och esou, datt d’Wëssenschaft net kann de Contraire behaapten.

Wat mécht, datt esouwuel 5G Géigner, wéi och Enthusiaste vun der neier Technologie, sech hir Argumenter kënnen erauspicken. Eng weider Fro déi sech stellt, ass, ob duerch de 5G d’elektromagnéitesch Stralung an d’Luucht goe wäert.

Et ass lo schwéier soen, well et ginn Effekter bei 5G, déi maachen, datt d’Technik méi effizient ass, also d’Stralung erofgeet. Mä et kann awer duerch de sougenannte Rebound-Effekt, doduerch, dass elo méi Date kënne verschafft ginn, kann et natierlech och dozou kommen, datt nach méi Date gebraucht ginn.

Och hei gëtt et also Stand haut keng kloer Äntwert. Wat d’Effekter vum 2, 3 oder 4G ugeet, kéint een awer haut schonn e klenge Fazit zéien, seet de Chefredakter vu science.lu

Wann et ganz staark Effekter géif ginn, dann hätt d’Wëssenschaft déi zimmlech sécher schonn erkannt. Well et gi jo awer eng ganz Rëtsch Studien, déi iwwer déi lescht Jore scho gemaach gi sinn iwwer elektromagnéitesch Stralung. Datt ebe keng immens staark Effekter do sinn, dat ass am Fong e Grond fir ze soen, mir hu lo net direkt e Grond zur Panik.

Bei der Loftverschmotzung beispillsweis, hätt sech erausgestallt, datt doduerch all Joer weltwäit eng 4,2 Millioune Mënsche fréizäiteg stierwen. Do géif et e kloren Effekt. Wat eben bei 4G, 5G net de Fall ass. Sécher ass deemno just, datt nach vill muss gefuerscht ginn, ier een evidenzbaséiert Aussoe maache kann.

LINK: De Faktencheck iwwer 5G vu Science.lu

Back to Top
CIM LOGO