Invité vun der Redaktioun (3. Mäerz) - Geert van BeusekomE Social-Media-Verbuet fir Jonker wier wichteg, fënnt den Ances-President

Carine Lemmer
En Dënschdeg de Moien war d'Erzéiung Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Geert van Beusekom
En Dënschdeg de Moien war d’Erzéiung Theema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

Den Educateur fënnt ee quasi an alle gesellschaftleche Servicer a Schichten. Wéineg Beruffer wieren esou villfälteg, sot de Geert van Beusekom en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Hien ass de President vun Ances, Fachverband fir sozial Aarbecht an Erzéiung.

Educateuren an Educatricë ginn op ville Plaze gebraucht. “Von der Wiege bis zur Bahre” begleede se de Mënsch, vu Puppelchersalter u bis an d’Altersheem.

Bei der Ausbildung wier d’Schoul deen ee Volet, mä och déi praktesch Erfarung an d’Stagë wieren onëmgänglech. Iwwert dee Wee géif een nämlech erausfannen, wat engem méi läit, mat klenge Kanner schaffen oder méi mat eelere Leit beispillsweis. Den Ances-President encouragéiert och, datt ee sech a senger Fräizäit soll engagéieren, sief dat bei de Scouten oder an engem Veräin. Dat wier wichteg fir d’Entwécklung vun de Jugendlechen.

Wat e méigleche Verbuet vun de Soziale Medie fir Jonker ugeet, fënnt de Geert van Beusekom et wichteg, wann do eng Reglementatioun géif kommen. Hie selwer schafft an engem Internat mat Jonken. Dem Handy ass e groussen Diskussiouns- a Sträitpunkt. Et brauch een handyfräi Zäiten. D’Kanner misste sech och langweilen, fir da kreativ ze ginn. Et wier och un den Elteren, d’Kanner net ze fréi mat Bildschiermer a Kontakt ze bréngen an ze reglementéieren.

Mat Gewalt a mentale Problemer sinn d’Erzéier och konfrontéiert. D’Fäll vu Gewalt ënner Kanner a Jugendleche wieren net forcement erop gaangen, mä se gi méi mediatiséiert, mengt eisen Invité. Konkret a fiabel Chiffere feelen.

En Dënschdeg den Owend organiséiert d’Ances och eng Table-ronde zu Hesper mam Titel “Erzéien als Beruff”. Nieft Invitéen aus dem soziale Secteur ass och de Minister Claude Meisch mat derbäi.

En Dënschdeg de Moien war d’Erzéiung Theema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO