CGDISE Méindeg den Owend sinn zwee Autoen a Beem gerannt

RTL Lëtzebuerg
Insgesamt véier Leit goufen e Méindeg den Owend uechter d'Land an Accidenter blesséiert.
© Laurent Weber

Am Lokale mellt de CGDIS zwee Blesséierter, wéi an der Nuecht géint 0.30 Auer tëscht Stuppecht a Blaaschent en Auto vun der Strooss ofkomm ass an e Bam ze pake krut. Am Asaz beim Accident um CR125 waren zwou Ambulanze vu Jonglënster an aus der Fiels.

Scho virdru war et am Laf vum Méindegowend zu zwee Accidenter komm. Eng Persoun gouf blesséiert, wéi ëm 17.23 Auer een Auto um CR101 tëscht Garnech an Héiweng an de Gruef gefuer ass. Eng Ambulanz aus Mamer war am Asaz. Ëm kuerz no 22 Auer war tëscht der Hierheck an dem Léierhaff och en Auto an e Bam gerannt. Do gouf et ee Blesséierten an eng Ambulanz vu Wolz war am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO