An d'Zukunft investéierenHaaptprioritéite vun déi Gréng si Logement, Ëmwelt- a Klimaschutz a Patrimoine

Claudia Kollwelter
Op der Pressekonferenz e Méindeg hunn déi Gréng ënnerstrach, dass weider misst an d'Zukunft investéiert ginn.

Logement, Klima- an Ëmweltschutz esou wéi de Patrimoine. Dat sinn déi dräi politesch Haaptprioritéite vun déi Gréng fir d'Zukunft. Op enger Pressekonferenz e Méindeg de Moien huet d'Fraktioun ënnerstrach, datt et grad elo wichteg wier, weider z'investéieren a sech ze trauen, Scholden ze maachen. Mat hiren 3 Prioritéite géif een an den Ae vun der Regierungspartei kloer an d'Zukunft investéieren.

Rentrée Déi Gréng / Reportage Claudia Kollwelter

Fir géint d'Logementsproblematik unzekommen, géif un enger ambitiéiser Wunnengsbaupolitik geschafft ginn, huet d'Semiray Ahmedova betount. Iwwert de fräie Marché eleng kéint een d'Situatioun net an de Grëff kréien.

Dofir investéiere mir an den Ausbau vun ëffentleche Wunnengen, den ëffentleche Wunnengspark mat engem besonneschen Accent op Mietwunnengen. Den Ufank 2020 geschaafte Spezialfong fir d'Ënnerstëtzung vum Wunnengsbau suergt fir Previsibilitéit, fir besser kënnen ze plangen an Transparenz an der Wunnengspolitik allgemeng.

Ronn 1.000 abordabel Wunnenge sollen vun 2021 u pro Joer fäerdeg gebaut ginn. D'Wunngemeinschafte solle mat der Reform vum "bail à loyer" e rechtleche Kader kréien:

An hei ass et wichteg ze betounen, datt d'Co-Locatioun e solidareschen Akt ass. Mir erlaben enger solidarescher Gemeinschaft, zesummenzeliewen. Dat ass net ze verwiessele mat enger Co-Habitatioun, wou mer Kaffiszëmmer oder Kummer verlounen a wou ganz dacks vu sozial schwaache Leit profitéiert gëtt. Genee do gëtt e bessere legale Kader geschaf.

A puncto Klima- an Ëmweltschutz géif mat enger ganzer Partie Gesetzer un de richtegen Hiewele gedréint ginn. De François Benoy huet d'Klimaschutzgesetz genannt, den neien Naturpakt an den iwwerschaffte Klimapakt oder och nach d'Null-Offall-Strategie. Et wier allgemeng gesinn elo wichteg, d'Investissementer héich ze halen:

Am Sënn vun enger méi gerechter Richtung an enger Transitioun an d'Zukunft vun enger klimaneutraler Gesellschaft. Do misst jidderee matgeholl ginn: d'Ekonomie, d'Leit an d'Gemengen. Dat jidderee vun enger héijer Liewensqualitéit profitéieren kann.

Am Beräich vum Denkmalschutz wier d'Zil, Planungssécherheet fir all déi betraffen Acteuren ze schaffen an d'kulturellt Iewe besser ze protegéieren an ze valoriséieren.

PDF: De Communiqué vun Déi Gréng

Back to Top
CIM LOGO