En Vue vun der TripartitePremier bleift beim Ordre du Jour vag, Index net a Fro gestallt

RTL Lëtzebuerg
De Premier Luc Frieden huet nom Regierungsrot e Freideg net genee präziséiert, wat d'nächst Woch bei der Tripartite um Ordre du Jour wäert stoen.
De Premier Luc Frieden nom Regierungsrot e Freideg
© Pierre Weimerskirch

Just esou vill: All d'Froen, déi am Zesummenhank mam Iran-Krich stinn, géingen debattéiert ginn an all d'Sozialpartner kéinten déi Moossnamen op den Dësch leeën, déi fir si an deem Kontext wichteg sinn. Et géing drëms, d'ekonomesch a sozial Konsequenze vun der Kris am Noen Osten ofzefiederen.

D'Dräier-Gespréicher dréien also ëm d'Konsequenze vun der Energiekris. D'Kafkraaft vun de Leit an d'Kompetitivitéit vun de Betriber soll erhale bleiwen. Den Index géing op dëser Tripartite net a Fro gestallt ginn an och säi Mechanismus wier net Objet vun den Diskussiounen, sot de Premier.

D'Gewerkschaftsunioun hat verlaangt, datt och iwwer Mindestloun, Wunnengsnout an de Gesondheetssystem geschwat gëtt. D'Patronatsvertrieder esou wéi d'CGFP wëlle gär, datt sech d'Gespréicher op d'Energiepräisser an d'Inflatioun beschränken.

Premier bleift beim Ordre du Jour vag, Index net a Fro gestallt
De Premier Luc Frieden huet nom Regierungsrot e Freideg net genee präziséiert, wat d'nächst Woch bei der Tripartite um Ordre du Jour wäert stoen.

© Pierre Weimerskrich

Back to Top
CIM LOGO