
Am Kader vun der internationaler Police‑Zesummenaarbecht ginn zanter dem 7. Mee 2026 gemeinsam lëtzebuergesch‑rumänesch Policepatrullen agesat, virun allem an der Stad Lëtzebuerg, ma och an anere Gemengen. Zwee Beamte vun der Poliția Română ënnerstëtzen d'Patrulle vun der Police grand‑ducale, dat haaptsächlech vum Commissariat Ville‑Haute aus.
Haaptzil vun dëser Zesummenaarbecht ass d'Sammele vun Informatiounen, déi – wann néideg – un d'Justiz weidergeleet ginn, besonnesch am Kontext vu Mënschenhandel an organiséiertem Heeschen. D'Missioun ass op sechs Méint ausgeluecht a ka verlängert ginn. Si baséiert op dem Prümer Traité, fir deen den zoustännegen Accord de 5. Mäerz 2026 ënnerschriwwe gouf.
An der Praxis gëtt Franséisch als Aarbechtssprooch benotzt. Déi rumänesch Polizisten hunn hir national Uniform un, si sinn awer net arméiert. Hir Asazméiglechkeete si gesetzlech strikt op Nout‑ a Verdeedegungssituatioune limitéiert. Virum Optakt vun de Patrullen hunn d'Beamte sech mat de lokale Strukturen a Prozedure vertraut gemaach.
De Prümer Traité stäerkt d'Zesummenaarbecht tëscht verschiddene europäesche Länner, ënner anerem am Kampf géint Terrorismus, organiséiert Kriminalitéit an illegal Immigratioun, an erméiglecht och gemeinsam Policepatrullen.