Corona-Zuelen um klammenSantés-Chamberkommissioun kënnt e Mëttwoch zesummen

RTL Lëtzebuerg
820 Neiinfektiounen a 6 weider Doudeger an de leschte 7 Deeg. Eleng 362 Neiinfektioune goufen iwwert de Weekend am Grand-Duché gemellt.

D’CSV-Fraktioun huet iwwerdeems e Méindeg an engem Bréif un de Chamberpresident gefrot, dass déi parlamentaresch Santéskommissioun nach de selwechten Dag soll beieneekommen, op Grond vun de villen neie Covid-Fäll déi lescht Deeg. Et wier vun zentraler Bedeitung, nach virum état de la nation en Dënschdeg déi ablécklech Situatioun an hirer Gesamtheet grad wéi och eventuell nei oder modifiéiert Mesurë vun der Regierung am Detail exposéiert ze kréien, heescht et an deem Schreiwes, wouranner de Staatsminister an d’Gesondheetsministesch an d’Santés-Chamberkommissioun convoquéiert ginn. Wéi et op RTL-Nofro beim President vun där Kommissioun heescht, hätt een net drop gewaart, datt d’Oppositioun een zu esou enger Reunioun opfuerdert, deemno hätt de Mars Di Bartolomeo ewell e Sonndeg mat senger Parteikolleegin Paulette Lenert ausgemaach, datt d’Ministesch soll den Deputéierten d’aktuell Covid-Situatioun duerleeën.

Dat wäert dann och e Mëttwoch de Fall sinn, wou d’Santés-Kommissioun kuerzfristeg moies nom Depot vum Budgetsprojet beieneegeruff gëtt. Bei där Kommissioun mat dobäi sinn och d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert, d'Conférence des présidents an de Büro vun der Chamber. Dat huet och d'Ministesch selwer confirméiert.

Back to Top
CIM LOGO