Copas: Kris gouf nawell gutt gemeeschtert, Stellewäert muss verbessert ginn
313 vu 6.000 Leit, déi an Alters- a Fleegeheemer liewen, hätte sech bis ewell mam Coronavirus infizéiert, sou d'Vertrieder aus dem Secteur.
Allgemeng wier ee bis elo gutt duerch d'Kris komm an et hätt een e puer Reforme kënnen ustoussen, déi de Secteur scho méi laang gefuerdert huet. Dat sot de Marc Fischbach, President vun der Vertriedung vum Alters- a Fleegesecteur Copas, e Méindeg de Moien, wéi hien e virleefege Bilan vun der Kris am Secteur presentéiert huet.
Esouwuel de Gesondheets-, wéi och de Familljeministère hätten d'Copas fréi mat an d'Krisegestioun agebonnen, esou hire President Marc Fischbach. Gläichzäiteg hätt een d'Impressioun gehat, dass d'Santé den Alters- a Fleegesecteur bis virun der Kris kaum um Radar gehat hätt. Och haut nach géif vill Diskussiounsbedarf bestoen zu deenen Themen, déi um Gesondheetsdësch beschwat ginn. An hei hätt een nach net dee Stellewäert kritt, deen een eigentlech hätt.
„Well mir einfach d'Gefill hunn, dass mir net als dat consideréiert ginn, wat mir eigentlech sinn, nämlech als ee vun den Haaptacteuren vum Extrahospitalier. Mir wëssen, wat d'Spidolswiesen hei am Land bedeit, mä wann een den Extrahospitalier sollt definéieren an och d'Aufgabe vum Extrahospitalier sollt festleeën, da muss ee wëssen, dass d'Copas mat hiren Träger esouwuel hiren diverse Reseauen, wéi och den Alters- a Fleegeheemer zu deem gréissten Acteur gehéieren, deen am Extrahospitalier ënnerwee ass.“
Dass all Haus elo an der Kris d'Recommandatioune vun de Ministèren op seng Aart a Weis ëmgesat huet an dass deemno d'Verantwortung vun der Gestioun vun der Kris bei deene jeeweilegen Direktioune louch, ass fir de Marc Fischbach evident.
A grad dat war jo zäitweis kritiséiert ginn. Virop beim Besuchsrecht hätte sech Leit deels benodeelegt gefillt.
„Ech hu ganz vill Echoe kritt vu Leit, déi ganz onzefridde waren iwwert d'Aart a Weis, wéi dat geréiert gouf, well et eben Haiser gi sinn, déi net dat ze bidden haten, wat aner Haiser ze bidden haten. Wann Dir zu Rëmeleng en Haus hutt, dat 100 Joer al ass an effektiv dréngen restauratiounsbedürfteg ass, da kënnt Dir an deem Haus net dat selwecht bidden, wéi dat, wat e modernt Haus ka bidden. Dat hänkt vum Raum of, dat hänkt vun de sanitären Anlagen of, dat hänkt vu méiglechem Cohortage of. Kënnt Dir d'Leit op engem Stack zesummeféieren a se trenne vun anere Stäck?“
Ausserdeem hätt d'Kris op en Neits gewisen, wéi ofhängeg een zu Lëtzebuerg vun auslänneschem Personal wier an et misst definitiv och hei am Land méi Promotioun fir Beruffer am Gesondheets- a Fleegesecteur gemaach ginn.
Positiv zeréckbehalen huet de President vun der Copas iwwerdeems, déi nei Reegelung wat de Stockage vun enger Noutfallreserv u Medikamenter an den Heemer ugeet.
„Wat ganz wichteg ass, wat och am Sënn ass vun de Spideeler, wat zur Entlaaschtung vun de Spideeler féiert, well domadder och d'Zuel vun den Hospitalisatiounen op en absolutte Minimum begrenzt gouf.“
Zanter dem Ufank vun der Pandemie hätte sech 313 vu knapp 6.000 Leit, déi an engem Alters- oder Fleegeheem liewen, mam Coronavirus infizéiert. 68 hätten d'Suitte vun der Infektioun net iwwerlieft.
Och a puncto Schutzmaterial wier ee bis Enn Mee mat Material aus der nationaler Reserv beliwwert ginn, esou dass d'Besoine vun den Haiser bis an den Hierscht eran ofgedeckt gewiescht wieren.
„Ech mengen zu den Aktiva vun der Krisegestioun muss ee virun allem der Santé hiert Entgéintkommen ervirsträichen, wat d'Beschafen an och d'Sécherstelle vu Schutzmaterial, vu palliativen an aneren urgente Medikamenter an net zulescht och de medezineschen Encadrement ubelaangt.“
An Zukunft wéilt ee sech, wat d'Approvisionnement vu Material ugeet, um Projet vun de 4 Haaptspideeler am Land bedeelegen, fir eng gemeinsam Akafszentral op d'Been ze setzen.
Wärend d'Zesummenaarbecht wärend der akuter Kris mat de jeeweilege Ministèrë gutt funktionéiert hätt, hätt een dach awer gemierkt, dass de Beräich vu Leit mat enger Behënnerung, vun den Autoritéite vergiess gi wier.
„Mir kënnen net akzeptéieren, dass en Handicap-Secteur, an deem jo net nëmmen handicapéiert Leit betreit ginn, mir hu jo och handicapéiert Leit mat zësch anere Pathologien, dass dee consideréiert gëtt, wéi e Secteur, dee manner vulnerabel Leit englobéiert, wéi de Secteur vun den eelere Persounen. Mir sinn definitiv der Meenung, dass een hei keen Trennungstréch däerf zéien tëscht deem engen an deem anere Secteur.“
Et wier een awer zouversiichtlech, dass déi zoustänneg Administratioune sech der Problematik an Tëscht bewosst gi wieren, an dass een an Zukunft och no de Besoine vun deem Secteur géif kucken, esou d'Conclusioun vun der Copas.