Vum éischte Mee u kritt d’Lëtzebuerger Police Verstäerkung aus Rumänien, de Platzverweis gëtt sécher renforcéiert an de Silence vaut accord gëtt hoffentlech nach an dëser Legislaturperiod ëmgesat. De CSV-Inneminister Léon Gloden huet am Background am Gespréich kloer Positioun bezunn a steet zu senger haarder “Law and Order” Politik.
Sécherheetspolitik
D’CSV an d’DP wiere gewielt ginn, fir eng aner Politik ze maachen an do wier d’Sécherheet e wichtege Facteur gewiescht, esou de Léon Gloden. Wichtege Punkt fir den Inneminister: d’Lutte géint d’organiséiert Heescherei. Fir dogéint virzegoe wëll d’Regierung de Platzverweis verschäerfen - krut awer bis elo nach keng gréng Luucht vum Staatsrot.
“Wa mer der Police Pouvoire ginn, da gëtt mer virgehäit d’Police géif discrétionnaire, oder de Risiko wier do, dass d’Police géif ze vill... oder hätt ze vill Marge de manoeuvre. Setzen ech de Buergermeeschter an e Gesetz, dat ass eng vereedegt Persoun, e Buergermeeschter ass responsabel fir den Ordre public local a senger Gemeng, da gëtt gesot “Ah nee, net de Buergermeeschter, do ass e Risiko vun Abusen”. Mir gesinn ëmmer fir d’éischt d’Abusen, éier mer emol iwwert de Prinzip schwätzen. An dat keckst mech e bëssen.”
Et hätt een elo nach ee mol Amendementer gemaach. Ob d’Fro, wat da wier wann de Staatsrot och domadder net averstane wier, sot de Léon Gloden, dofir wiere Prozedure virgesinn.
Et wier kloer, datt d’organiséiert Heescherei mat Mënschenhandel zesummenhänkt. Dat géing och de leschte Rapport vun der consultativer Mënscherechtskommissioun confirméieren, an do géing och doraus ervirgoen, datt eng vun den Nationalitéiten déi rumänesch wier. Dofir hätt hien och d’lescht Woch en Accord mat sengem rumäneschen Homolog ënnerschriwwen. Vum éischte Mee un an elo mol fir 6 Méint solle gemeinsam Patrullen organiséiert ginn. Ongeféier eng Hand voll rumänesch Poliziste kommen dofir op Lëtzebuerg.
“Et geet ëm d’Sprooch, et geet drëm, datt déi Leit Vertrauen och kréien zu enger Persoun déi hir Sprooch versteet, déi mat hir kann direkt schwätzen, déi och de selwechte kulturelle Background huet.”Doriwwer eraus sollen déi rumänesch a Lëtzebuerger Beamte sech och iwwert d’Cyberkriminalitéit an aner Volete vun der organiséierter Kriminalitéit austauschen.
Problemer bei Gemengesyndikater
Beim Ofwaassersyndikat vum Norden Siden war de Moie Krisesëtzung, nodeems e Mataarbechter am Verdacht steet ronn 73.000 Euro verontreit ze hunn. De Léon Gloden huet drop higewisen, datt hie gëschter e Gesetzesprojet an de Regierungsrot bruecht huet, fir d’Syndikater ze professionaliséieren. Hie wollt awer net vu reegelméissege Problemer schwätzen.
“Generell wëll ech soen, an de Syndikater an an de Gemengen, mir hunn 100 Gemengen, fonctionéiert et ganz gutt, do sinn d’Politiker, wéi och déi Leit déi do schaffe mat Häerz a Blutt wierklech do alles gi fir d’Bierger an d’Biergerinnen.”
D’Gemenge wieren e Service-Betrib an d’Elu locauxe misste vun den administrativen Tâchen entlaascht ginn fir hir politesch Aufgabe wouer ze huelen. Dofir géingen d’Strukturen an de Gemenge gestäerkt ginn, ënnert anerem doduerch dass d’Gemengen eenzel oder zu e puer zesummen e Personalservice an e Finanzservice kréien.
Logement
Den Inneminister hofft dann, datt nach an dëser Legislaturperiod de Prinzip vum Silence vaut accord ëmgesat ka ginn. Dës Mesure soll d’Prozeduren acceleréieren, fir dass méi séier gebaut ka ginn. Wann een e kompletten Dossier huet a bannent 3 oder 4 Méint keng Äntwert op seng Baugeneemegung kritt, soll een an Zukunft kënnen ufänke mat Bauen. Natierlech muss ee sech awer un de PAG an un d’Bautereglement halen. Dat wier en Challenge, esou de Léon Gloden.
“A mir mussen hei d’Gemenge mat op de Wee huelen an ech soe ganz kloer, am Ufank wäerten do Feeler geschéien, mee mir mussen dat duerchkréien, mir mussen dat duerchkréien, well soss - d’Prozedure sinn einfach ze schwéierfälleg.
Et soll dann an Zukunft och net méi all Gaardenhaische mussen eng Baugeneemegung kréien Bis virun der Summervakanz wëll den Inneminister dann och e Gesetzesprojet presentéieren, fir d’PAG- a PAP-Prozeduren ze vereinfachen.

E Samschdeg war den CSV-Inneminister Invité am RTL-Studio.
“Background am Gespréich” leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d’Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik “Radio” bei Emissiounen “Background” wielen.