E Kichebrand an zéng AccidenterD'Secouriste vum CGDIS hunn um Freidegowend 13 Blesséierter versuergt

RTL Lëtzebuerg
D'Ekippe vum CGDIS waren um Freidegowend quasi ouni Paus am Asaz.
Bannen an enger Ambulanz (Symbolbild)
© Laurent Weber

Ugefaangen um 16.52 zu Uewerpallen. Hei huet am Kierchewee eng Kiche Feier gefaangen. Dräi Persoune goufe blesséiert, si hunn eng liicht Dampvergëftung dovugedroen. Op der Plaz waren d’Pompjeeë vu Biekerech a Mamer, grad ewéi d’Pompjeeë vu Réiden.

Géint 18.30 Auer gouf dann e Chauffer blesséiert, wie hie mat sengem Auto op der RN12 tëscht Wilwerdang an der Wemperhaart accidentéiert ass. Hei waren d’Pompjeeë vun Ëlwen a Wäiswampech an d’Ambulanciere vun Ëlwen am Asaz.

Ee weidere Blesséierte gouf et dann, wéi sech um 19.05 Auer zu Nidderfeelen an der Route d’Arlon zwee Autoen ze pake kruten. Hei waren d’Pompjeeë vu Feelen an d’Ambulancieren aus der Nordstad op der Plaz. Nëmmen e puer Minutte méi spéit gouf dann en Automobilist bei engem Accident an der Rue du Châteu d’eau zu Leideleng blesséiert. D’Stater Ambulancieren an d’Pompjeeë vu Leideleng a Monnerech sinn op d’Plaz gefuer.

Um 19.20 waren dann dräi Autoe bei engem Accident tëscht dem Briddel a Kapellen op der A6 an Direktioun Belsch am Coup. D’Ambulancieren aus der Stad hu sech hei ëm zwou blesséiert Persoune gekëmmert, an och d’Pompjeeën aus der Stad a vu Mamer waren am Asaz.

Eng Persoun gouf da blesséiert, wéi sech géint 19.40 Auer zwee Autoen zu Hollerech an der Rue Marie-Adelaide ze pake kruten. Hei waren d’Stater Pompjeeën an d’Ambulanz vu Mamer op der Plaz.

Kuerz virun 20 Auer hunn d’Ambulanciere vu Stengefort dann eng blesséiert Persoun versuergt, déi mat hirem Auto an der Rue des 3 Cantons zu Garnech accidentéiert ass. Hei waren op d’Pompjeeë vu Koler op der Plaz.

Um 20.13 Auer gouf dann en Automobilist blesséiert, deen op der N7 zu Housen e Potto ze pake krut. Hei sinn d’Housener Pompjeeën an Ambulancieren op d’Plaz komm.

Géint 20.30 Auer waren dann d’Pompjeeën aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng zesumme mat hiren Escher Kolleegen an den Ambulanciere vu Suessem-Déifferdeng op der A13 an Direktioun Péiteng am Asaz. Hei gouf et ee Blesséierten, wéi en Auto tëscht der Gadderscheier a Suessem an eng Leitplank gaangen ass.

Beim Materialschued blouf et dann, wéi sech um 21.21 Auer en Auto op der RN20 tëscht Féitsch an Allerbuer iwwerschloen huet.

Géint 23.05 Auer gouf dann eng Persoun blesséiert, wéi en Trakter zu Äischen an der Cité Äischdall e Bam ze pake krut. Hei waren d’Ambulanciere vu Stengefort an d’Pompjeeë vun Habscht am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO