Bis Enn 2025 musse 50 Prozent vun de Verpakungsoffäll aus Plastik recycléiert ginn.

Dat gouf op europäeschem Plang decidéiert an zu Lëtzebuerg entspriechend an d'Gesetzgebung iwwerholl. 2018 sinn hei am Land awer just 32,4% Plastiksverpackunge recycléiert ginn.  Gläichzäiteg sinn awer 9.500 Tonnen an der groer Tonn gelant. Alles an allem bedeit dat, dass och hei zu Lëtzebuerg kéint en Effort gemaach ginn, fir nach méi Plastik ze recycléieren.

Valorlux-Serie Deel 1 / Rep. Maxime Gillen

Just wéi deen Effort soll ausgesinn, dat schéngt nach net ganz kloer. Op där enger Säit leeft aktuell schonn den zweete Pilotprojet, fir déi blo Valorlux-Tut méi grouss opzemaachen, dat heescht, dass een nach méi verschidde Plastiksproduiten do däerf dramaachen. Dem Bureau d'études no, deen de Pilotprojet iwwerwaacht, krit ee wesentlech méi gesammelt, wann een et bei d'Leit siche geet, wéi wann d'Konsumenten hiren Offall mussen an e Recyclingszenter bréngen, wéi den Hans-Jürgen Beyer vun ECO-Conseil erkläert.

„Also wenn die Quoten, die ab 2025 zu erfüllen sind, sprich diese 50 Prozent, wenn die erfüllt werden sollen von der Valorlux, wobei sich hier auch noch die Berechnungsmethodik geändert hat, dann bleibt nichts anderes übrig als den Sack zu öffnen. Ich sehe keine Möglichkeit jetzt hier im Land über eine Bringsammlung oder einem weiteren Ausbau der Bringsammlung die Quote zu erfüllen. Hier muss eine Haus-zu-Haus-Sammlung erweitert werden."

Déi aner Iddi ass déi, fir d'Recyclingszenteren uechter d'Land auszebauen an d'Leit nach méi dozou ze kréien, hire Plastiksoffall dohin ze bréngen. D'Valorlux, déi och responsabel ass, fir de Plastik, deen an deenen eenzelen Zentere gesammelt gëtt, gesäit awer hei een decisive Problem.

Den Direkter vun der Valorlux, Claude Turping: „Ech sinn der Meenung, wat d'Recyclingsparken ubelaangt, dass do d'Capacitéit einfach net duer geet. Mir wëssen, dass mir haut 10.000 Tonnen am Porte-à-porte oder dem bloe Sak sammelen. An de Recyclingsparke ginn haut 1.000 Tonne gesammelt u Verpackungsmaterial. Dat heescht, fir deem nozekommen, wat haut scho gesammelt gëtt an der bloer Tut, misst een d'Capacitéit vun de Recyclingsparke verzéngfachen."

Mol dovun ofgesinn, dass dat e Pak méi Opwand fir d'Leit bedeit an ee wuel dovun dierf ausgoen, dass dann och entspriechend manner Leit motivéiert sinn, deen Effort ze maachen.

D'Ëmweltministesch, déi an der Haaptsaach op d'Reduzéiere vum Plastiksoffall setzt, schéngt bis ewell d'Solutioun vun de Recyclingsparken ze favoriséieren.

Carole Dieschbourg: „Fir déi Tauxen z'erfëllen, musse mir manner verbrauchen an do, wou mir nach Plastik oder aner Materialie brauchen, déi mussen uerdentlech separéiert ginn. Do mussen och d'Infrastrukture stëmmen. Do musse mir mat de Gemenge schaffen, engersäits, wat gesammelt gëtt, wéi et gesammelt gëtt a wéi accessibel zum Beispill och eis Ressourcenzentere sinn, sinn d'Ëffnungszäite gutt."

Nieft dem Problem vun de Capacitéite vun de Recyclingszenteren gëtt den Direkter vun der Valorlux ze bedenken, dass och d'Critèren, wat als recycléiert gëllt, méi streng ginn.

„Bei den neien Tauxe muss een och derbäi soen, dass d'Berechnungsmethod sech ännere wäert, esou dass deen Taux, wéi en haut berechent gëtt, an Zukunft wäert anescht berechent ginn, esou dass do nach eng Kéier eng ganz Partie Prozentpunkte wäerte verluer goen, esou dass wa mir wëllen eis Tauxen an den nächste Joren erreechen, musse mir vill méi sammelen a vill méi recycléiere wéi haut. An ech mengen e Land wéi Lëtzebuerg géing och gutt dozou stoen, wann ee sech géing vläicht en tête de peloton positionéieren, wat d'Recyclingsquoten ubelaangt an net am leschten Drëttel."

Am Wëssen, dass 2018 nach ronn 17 Prozent vun deem, wat an der groer Tonn gelant ass, Plastiksverpackungen waren, déi potentiell hätte recycléiert kënnt ginn, bleift egal wéi mat béide Methoden nach Loft no uewen.

Den Ënnerscheed tëscht deenen zwou Sammelmethode läit awer net nëmme bei de Capacitéite, ma och bei der Qualitéit.