An der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch kuckt déi ganz Welt op d'USA. Da wielen d'Amerikaner nämlech hiren neie President.

Bleift den Donald Trump fir 4 weider Joer am Wäissen Haus oder kann de fréiere Vize-President Joe Biden d’Course fir sech entscheeden? Eng Course tëscht Republikaner an Demokraten. Eng Course, déi och fir d'US-Amerikaner, déi am Ausland liewen, spannend ass. D'Stëmmung ass op alle Fall gelueden, net just wéinst de Walen.

De Coronavirus a Protester prägen dës Walen an den USA. Well de President Trump a seng Republikaner méi present an de Medie sinn, schéngt d'Ënnerstëtzung fir den aktuelle President gewuess ze sinn. Mä wat ass mat de Republikaner, déi net an den USA liewen, mä zum Beispill hei zu Lëtzebuerg?

Wéi sti si zu de Waffegesetzer an den USA? Wéi si si hei am Land ugesinn a wéi fanne si, dass déi Lëtzebuerger Regierung d'Corona-Kris gemanaged huet?

Den James O’Neal ass zanter 18 Joer hei am Land an ass de Virsëtzende vun de Republikaner zu Lëtzebuerg. Ma et sinn net just Expats, déi den Trump aus der Distanz ënnerstëtzen, et sinn och vill Europäer. Déi lescht Zäit hu si eemol de Mount zesummen hir Online-Debatte mat den Demokrate zu Lëtzebuerg preparéiert an diskutéieren, a wéi eng Richtung d'Partei soll goen a wat si perséinlech kënnen dozou bäidroen.