No den ëffentlechen Debate vun enger Petitioun an der Chamber géif et dacks net zu deem Suivi kommen, deen an de Conclusioune versprach ginn ass.

Dat ass op mannst de Constat aus der Petitiounskommissioun, déi eng ganz Rei Rappeller un déi zoustänneg Ministeren a Kommissiounen geschéckt huet. Wéi d'Presidentin vun der Petitiounskommissioun an LSAP-Deputéiert Francine Closener erkläert, ginn d'Conclusioune vun dësen ëffentlechen Debatten dacks net an der Form oder an der Vitesse ëmgesat, wéi versprach.

Francine Closener (LSAP) iwwert d'Ëmsetzung vu Conclusioune

Francine Closener (LSAP): "Dat si jo dann ëmmer ënnerschiddlech Aufgaben, entweder fir d'Fachchamberkommissiounen oder fir e Minister, an et huet sech eben erausgestallt, dass ganz oft dee Suivi net gemaach ginn ass. Et ass vläicht dann och keng Prioritéit vun deene jeeweilege Chamberskommissiounen oder vun deem jeeweilege Ministère, mee dat geet jo net. Wa mir wëllen, dass de Petitionnaire sech och seriö geholl spiert an och seriö geholl gëtt, da musse mer dee Suivi garantéieren. An duerfir hu mir als Petitiounskommissioun elo Rappeller geschéckt un déi jeeweileg Instanzen."

Rezent Beispiller wieren ënnert anerem déi zwou Debatten ronderëm d'Inclusioun vun LGBTIQ+ Sujeten an der Schoul. D'Bréiwer sollen also sécher stellen, datt d'Conclusioune vun diskutéierte Petitiounen den néidege Suivi kréien.

Francine Closener (LSAP): "Mir wëlle wierklech gären, dass dat Recht vum Petitionnaire dann och respektéiert gëtt an de Suivi gemaach gëtt, well soss ass et op eemol normal, dass d'Leit sech soen: Et huet jo kee Wäert, dass ech ënnerschreiwen, wann herno souwisou näischt erfollegt."

An der Petitiounskommissioun en Dënschdeg gouf dann och festgehalen, an Zukunft ëmmer dräi Méint no engem ëffentlechen Debat vun enger Petitioun nozefroen, wou de versprachene Suivi drun ass.