Dorënner ronn 1.000 Lëtzebuerger Residenten.

Den Auslaachtungstaux vum Lëtzebuerger Pavillon louch bei ronn 95 Prozent mat 2.250 Visiteuren den Dag iwwer déi sechs Méint. Déi Zuelen hunn den Ausseministère an d’Chambre de Commerce de Moie virun der Press presentéiert a vun engem Succès geschwat, och wann et däitlech manner Visiteure waren, ewéi zu Beispill op der Weltausstellung zu Dubai oder zu Shanghai.

30 Milliounen Euro ware fir d’Participatioun vum Grand-Duché bei der Weltexpo virgesinn. Dee Budget wier net iwwerschratt ginn, huet den Ausseminister a Vizepremier Xavier Bettel präziséiert. Eng genee Zuel konnt hien awer net nennen. Wann et dem DP-Minister no geet, sollt Lëtzebuerg och bei der nächster Weltausstellung zu Riad a Saudi Arabien a fënnef Joer dobäi sinn. Dat muss awer fir d’éischt nach duerch de Regierungsrot goen.

Alleguerten d'Statistiken iwwert de Lëtzebuerger Pavillion hei am PDF!