E Mëttwoch de Moien ass et op eise Stroossen zwee Accidenter mat jeeweils engem Blesséierte ginn.

Um 7.19 Auer gouf zu Keel an der Rue de l'Eglise eng Persoun vun engem Auto ugestouss. D'Ambulanz vun Diddeleng an d'Pompjeeë vu Keel waren op der Plaz, fir dem Blesséierten ze hëllefen.

Kuerz drop um 7.39 Auer sinn dann op der N07 tëscht Housen a Maarnech ee Camion an eng Camionnette net laanschtenee komm. Bei der Kollisioun gouf eng Persoun blesséiert. Hei waren d'Pompjeeën an d'Ambulanciere vun Housen am Asaz.