Festnamen no versichtem Abroch
© RTL Archiv
En Dënschdeg de Moien gouf der Police e versichten Abroch an en Eefamilljenhaus an der Rue de Mersch zu Angelsbierg gemellt.
Déi dräi Täter goufen dobäi allerdéngs vun engem Bewunner iwwerrascht a sinn doropshin geflücht. Am Kader vun enger Sichaktioun un där direkt e puer Unitéite vun der Police dru bedeelegt waren, konnten zwee Verdächteger festgeholl ginn. Déi Sich vum drëtte Verdächtegen ass negativ verlaf.
Weider Ënnersichungen hunn erginn, dass déi Verdächteg mat weideren Abréch zu Lëntgen, Rolleng, Goussel a Miersch stoe kéinten. Déi presuméiert Abriecher goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter.
Am Garer Quartier an der Stad, goufe gëscht zwou Persoune festgeholl déi virdrun en Tablet an engem Geschäft geklaut haten. An op der Gare konnt och en Drogendealer gepëtzt ginn, deen am gaange war Haschisch ze verkafen. Hien hat Haschisch, en Handy a Boergeld op sech. Hie koum op Uerder vum Parquet virun den Untersuchungsriichter.