Automobilistin flücht mat 1,6 Promill virun der däitscher Police
E Méindeg den Owend sollt eng 42 Joer al belsch Fra, déi mat engem Auto mat Lëtzebuerger Placken ënnerwee war, op der BAB60 kontrolléiert ginn.
Den Audi, deen aus der Belsch koum sollt géint 20.30 Auer vun der Police kontrolléiert ginn. Ma amplaz den Uerder vun der Police ze respektéieren a stoen ze bleiwen, huet d'Automobilistin op de Gas gedréckt an ass Richtung Prüm gefuer. Dobäi ass d'Fra ëmmer nees mat hirem Gefier Schlaangelinne gefuer.
No enger kuerzer Poursuite gouf d'Fra gestoppt a konnt du kontrolléiert ginn. Den Alkoholtest huet erginn, dass d'Fra e Wäert vun 1,6 Promill am Blutt hat. D'Persoun huet sech déi ganz Kontroll iwwer net asiichteg an onkooperativ verhalen. Ënnert anerem huet si eng Beamtin attackéiert a probéiert dës op de Buedem ze stoussen, wat allerdéngs konnt ënnerbonne ginn. D'Fra koum du fir weider Ermëttlungen op de Büro vun der Police aus Prüm.
An der Nuecht op e Mëttwoch, géint kuerz no Mëtternuecht, gouf eng Patrull vun der Police op der A4 a Richtung Esch, op der Héicht vum Chantier op en Auto opmierksam, dee mat grousser Vitess ënnerwee war. De Chauffeur gouf gestoppt, den Alkoholtest war positiv. D'Persoun krut e provisorescht Fuerverbuet.
En Dënschdeg am Nomëtteg gouf der Police dann nach e méiglech alkoholiséierte Chauffeur an der Rue de Belval zu Esch-Belval gemellt. eng Police-Patrull konnt de Chauffeur kuerz drop stoppen. Och hei war den Test positiv an et koum zu engem provisoresche Fuerverbuet.
De CGDIS mellt zwee Accidenter e Mëttwoch de Mueren, mat all Kéier engem Blesséierten. Zu Keel gouf eng Persoun ugestouss an tëscht Housen an Maarnech sinn eng Camionnette an e Camion aneneegerannt.