SantéskommissiounBreet Kritik vun der Oppositioun un der Strategie vun der Regierung

Jeannot Ries
D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet um Freideg selwer an der Santéskommissioun gesot, d'Regierung "lieft den Ament vum Prinzip Hoffnung".
Santéskommissioun
D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert hätt um Freideg selwer an der Santéskommissioun gesot, d'Regierung "lieft den Ament vum Prinzip Hoffnung".

Do stellt den Deputéierte vun déi Lénk, Marc Baum, d'Fro, ob de Prinzip Hoffnung de wäertvollste Ratgeber ass am Ëmgang mam Covid.

Nei Moossnamen huet d'Regierung keng decidéiert. D'Argumentatioun vun der Regierung ass dës: " Well d'Mesuren, déi virun enger Woch geholl goufen, schéngen éischt Wierkung ze weisen. "

"Eng zaart Blimmchen, aus där et elo heescht eng staark Tendenz no ënnen ze maachen", sou de President vun der Santéskommissioun Mars Di Bartolomeo. Dee weider awer ze bedenke gëtt: "Op Dauer ass déi héich Zuel un Infektiounen, ass déi héich Zuel och vun Hospitalisatiounen net ze halen".

De Claude Wiseler versteet net, firwat de Minister Claude Meisch net direkt e Méindeg op den héije Klassen A- a B-Gruppen, wou alternativ eng Grupp kann als Télé-Schooling doheem d'Schoul suivéieren, agefouert ginn? Dat géif elo gebraucht.

Breet Kritik vun den Oppositiounsbänken un der Strategie vun der Regierung an um Fait, datt och um Freideg kee kloren, transparente Stufeplang op den Dësch koum.

"Datt mer net nach eng Kéier Zäit verléiere mat Aller-Retouren tëscht Regierung, Chamber a Staatsrot. Datt d'Texter elo preparéiert ginn, fir de Fall, wat mer net hoffen, wou et nach eng Kéier méi schlëmm géif kommen", sou de Sven Clement vun de Piraten.

"Falls et nach eng Kéier méi schlëmm géif kommen" Do mécht de Mars Di Bartolomeo, President vun der Santéskommissioun, den Appell un all, sech responsabel ze verhalen.

Mask, Distanz, Hygiène respektéieren. Fir Matmënschen ze schützen. Aus Respekt vum Personal an de Spideeler, dat zanter Wochen a Méint op der Felg fiert.

Back to Top
CIM LOGO