Et kann ee mam Auto bäifueren an et brauch een net erauszeklammen fir den Ofstréch gemaach ze kréien.
Alles wat ee brauch ass eng Ordonnance vum Dokter an e Rendez-Vous, deen een online fixéiere kann.
Pro Stonn kënnen eng 8 Patienten den Ofstréch gemaach kréien. Dëse gëtt prinzipiell an der Nues gemaach. Am Total kënnen an engem Dag bis 96 Mënschen sech zu Diddeleng op de Covid-19 teste loossen.
De Besoin un dëse Testzentere wär aktuell grouss a géif wuel sou séier och net ofhuelen, schliisslech stéing de Wanter virun der Dier. Fir 6 Méint soll de Drive In-Testzenter zu Diddeleng emol opbleiwen.
An der fréierer Nationalbibliothéik um Kierchbierg goufe bannent enger Woch iwwer 2.400 Tester gemaach.
Iwwer de Site lns.lu kann ee sech säi perséinleche Rendez-Vous fir en Covid Test huelen.
Den Testzenter zu Diddeleng ass ausser Sonndes all Dag vu moies 10 bis owes 17 Auer op.
