D'Regierungsaarbecht kritt mëttlerweil manner Support wéi am Ufank vun der Epidemie. D'Covid-Mesurë ginn allgemeng net als ze strikt empfonnt.

Ënner anerem dat ass aus dem neie Politmonitor vun TNS Ilres zeréckzebehalen, deen am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort realiséiert gouf.

E ganzen Themeblock war déi Kéier fir d'Thematik Corona reservéiert

RTL

Limitéiert Kontakter, Distanz a Mondschutz. Wéi schléit déi sanitär Kris de Leit no méi wéi engem hallwe Joer op d'Gemitt?

Méi ewéi d'Hallschent vun der Populatioun fillt sech belaascht, sou den Direkter vun TNS Ilres, Luc Biever:

"56% vun de Leit fille sech duerch d'Situatioun belaascht. Frae méi ewéi Männer. Virun allem déi Jonk tëscht 18 a 24 Joer fille sech belaascht mat 70%. Déi eeler Generatioun fillt sech am mannste belaascht."

RTL


Eng vu 5 Persoune fillt sech iwwregens guer net vun der Situatioun belaascht.

Wéi bewäerten d'Bierger d'Regierungsaarbecht an do virop d'Reaktioun op dës Kris?

"Am Ufank vun der Kris kann ee soen, datt d'Regierung alles richteg gemaach huet. 9 vun 10 Leit hunn der Regierung eng gutt Aarbecht attestéiert. Souguer d'Hallschent vun de Wieler hu vun enger ganz gudder Aarbecht geschwat."

E Score, deen iwwert de Summer och nach relativ héich bliwwen ass. Am Hierscht koum awer e gewësse Knacks.

RTL

Just nach 6 vun 10 Leit ginn eng Bonne Note, just nach e Véierel vun de Befroten attestéiert eng ganz gutt Aarbecht.

RTL

Wat nach opfält ass, datt déi gréng Stammwielerschaft d'Regierungsaarbecht manner gutt bewäert wéi d'Wieler vun DP an LSAP.

Déi aktuell Moossname gi bal vun der Hallschent vun der Leit als adequat empfonnt, do derbäi komme 40% vun de Befroten, déi gäre méi wäit gaange wieren. Just knapp 10% vun de Bierger fannen déi aktuell Moossnamen ze streng.

RTL

"81% vun de Wieler sinn der Meenung, datt d'Limitatioun op 4 Leit der Situatioun ugepasst ass. Beim Couvre-Feu sinn et 63%."

Eng grouss Majoritéit vun de befrote Persoune ass iwwregens der Meenung, datt d'Leit mëttlerweil keng Récksiicht méi huelen an net méi oppassen. Virun allem eeler Leit sinn där Meenung a virop d'Stammwieler vun der DP.

RTL

Detailer iwwert d’Method an de Questionnaire op Alia.lu