Diddeleng wëll d'Bierger-Participatioun stäerken
© Chris Meisch / RTL
An enger Zäit, an där d'Vertrauen an d'Demokratie an Europa ëmmer méi ënner Drock geréit, spillen d’Gemengen eng ëmmer méi wichteg Roll.
Et ass do, wou d'Politik nach am direkte Kontakt mat de Leit gemaach gëtt an d'Fuerderunge vun de Biergerinnen a Bierger séier a konkret ëmgesat ginn. D'Stad Diddeleng gesäit sech selwer als Deel vun dësem Wandel an als Gemeng, déi dëse Prozess aktiv matgestalt. E Freideg ass eng fënnef Joer laang Phas vun intensiven demokrateschen Experimenter mat enger Konferenz op en Enn komm.






























D’Gemeng an d’Uni Lëtzebuerg hu mat engem gemeinsame Projet versicht, nei Weeër an der Biergerbedeelegung ze testen. Dat mam Zil d‘lokal Demokratie a Bierger-Participatioun méi oppen, transparent a participativ ze gestalten. D’Stad Diddeleng huet schonn 2004 dëse Wee mat engem Biergerforum ageschloen. 2020 ass dës Dynamik mat enger sougenannter Recherch-Aktioun-Konventioun zesumme mat der Universitéit Lëtzebuerg systematesch ausgebaut ginn. Diddeleng ass domat zu enger Zort Laboratoire fir modern lokal Demokratie ginn: Eng Plaz, wou nei participativ Instrumenter net nëmme getest, mee och wëssenschaftlech analyséiert goufen, wéi de Buergermeeschter Dan Biancalana erkläert:
"Et well een natierlech och d‘Bierger mat abezéien an och mat hinne kucken, ob déi Richtung, déi een aschléit och déi richteg ass respektiv d‘Expertis, déi d‘Biergerinnen a Bierger hunn, och mat eranzehuelen, fir dass och de Projet nieft den Iddien, déi d'Politik huet sech nach kënne beräicheren. Et ass eis bis elo am Fong ëmmer gelongen, dofir stellt dat net déi gewielte Vertrieder a Fro, dat stellt och net d'representativ Demokratie a Fro, mee et stäerkt se, well duerch de participative Prozess ass et ganz kloer eng Plus-value, eng win-win Situatioun."
Am Mëttelpunkt vum Projet stounge véier Haaptinstrumenter. Virop e Biergerpanel, also eng grouss digital an analog Consultatioun iwwer kommunal Sujeten. Dann e klengen, representative Biergerrot, deen detailléiert Recommandatioune fir d'Gemeng ausschafft. De Jugend- a Kannergemengerot, deen déi jéngst Awunner fréi an demokratesch Prozesser abanne soll. A virun allem de Budget participatif, sou de Loris Spina, Schäffe vun der Diddelenger Gemeng, bei deem Biergerinnen a Bierger Projete kënnen erareechen:
"An da gëtt dat mat eise Servicer analyséiert, ob et machbar ass an ob dat och eng Gemengekompetenz ass an da ginn déi Projete fräi zum Vott gelooss. An ech mengen dat ass och ee ganz wichtege Moment. Fräi zum Vott, dat heescht, déi Projeten, déi herno zréckbehale ginn, déi d‘Leit decidéieren, dat heescht, déi wou am meeschte Stëmme kréien, déi si mir an der Flicht ëmzesetzen. Et ass net, dass d‘Gemeng da seet: 'Ah de Projet gefält mir net, ech maachen deen elo awer net.' Nee! Dat wat d‘Leit decidéieren, gëtt esou eent zu eent ëmgesat."
All dës Tools sollte virun allem d‘Fro beäntweren, wéi eng Gemeng hir Entscheedungsprozesser verbessere kann. D’Erkenntnisser aus de fënnef Joer sinn däitlech: Participatioun funktionéiert nëmme wann se transparent, gutt organiséiert an inklusiv ugeluecht ass. Vill Biergerinnen a Bierger hu sech duerch déi kloer Strukture méi informéiert a méi responsabel gefillt. Dat huet virun allem, wéi den Dokter Raphaël Kies vun der Uni.lu erkläert, fir méi Vertraue gesuergt.
"La confiance auprès des citoyens, pour dire voilà, pourquoi un groupe de citoyens représentatifs de la population peut avoir un impact. Donc, d'expliquer quelle est la légitimité de ces processus, qui est basée sur le fait que c‘est des citoyens qui sont la plupart du temps représentatifs de la population et qui ont la possibilité de délibérer et débattre avec des experts, donc un double système de légitimation. Le fait qu'ils sont représentatifs de l'ensemble de la population et le fait qu'ils ont pu débattre."
Op der Konferenz waren och d’Buergermeeschteren aus den Nopeschgemenge vertrueden. An enger Table ronde hu si sech iwwer hir eegen Erfarunge mat Biergerbedeelegung ausgetosch a beschwat, wat sech aus den Diddelenger Resultater op aner Gemengen iwwerdroe léisst.