RNA vun 2.550 positive Sars-Cov-2-Prouwe sequenzéiert

© LNS
Aktuell sinn dem LNS no 3 Haaptlinne vum Coronavirus zu Lëtzebuerg ënnerwee.
De Lëtzebuerger National-Laboratoire huet eng Plattform geschaaft, fir mikrobiell Genomik, wou Donnéeë gesammelt ginn, déi et de Wëssenschaftler erméiglecht, z'analyséieren, wou déi Virus-Stämm vum Coronavirus, déi aktuell zu Lëtzebuerg zirkuléieren, hierkommen.
Am Ganze gouf bis ewell d'RNA vun 2.550 positive Sars-Cov-2-Prouwe sequenzéiert. Doduerch huet ee quasi eng Echtzäit-Iwwerwaachung vum Virus a kann erausfannen, wéi séier e sech verännert. Aktuell läit de Mutatiounstaux vum Virus ongeféier bei 2-3 RNA-Bausteng de Mount, deemno ass et wichteg, dës Donnéeën ze sammelen an ze späicheren.
Iwwert dee Wee kéint dann zum Beispill gekuckt ginn, wéi sech de Virus entwéckelt, wa bis ugefaange gëtt, ze impfen. Dat huet den LNS e Mëttwoch matgedeelt. Aktuell wieren 3 Haaptlinnen zu Lëtzebuerg ënnerwee. Dee Stamm, deen aktuell am meeschte verbreet ass, wier wuel och an der Belsch, Frankräich, Däitschland a Groussbritannien ënnerwee. Den zweete Stamm wier am Fréijoer dëst Joer fir d'éischt am Grand-Duché opgetrueden a kéim warscheinlech aus Spuenien, wärend déi 3. Zort en hollänneschen Ursprong hätt.