Stroossen EnglenSi sti fir onkomplizéiert a séier Hëllef

Monique Kater
Si kucken no de Leit, déi op der Strooss liewen, ginn hinnen z’iessen a soss Hëllef, déi deen Ament néideg ass.
© www.stroossenenglen.lu

Mä d’Asbl probéiert och déi Concernéiert vun der Strooss erofzekréien. De “Stroossen Englen” ass et egal, ob et Famillje sinn, elengerzéiend Mammen oder Pappen oder Senioren. Si bréngen de Leit z’iessen, mä och Kleeder, Schlofsäck... D’Aarmut géif ëmmer méi visibel hei am Land, sou de Grënner vun der Asbl, deen hir Aarbecht als komplementar zu der staatlecher oder kommunaler Offer fir sozial schwaach Leit gesäit. Hir Clientèle ass dacks déi, déi sech manner sozial verhält, an ënnert deene sëllege Nationalitéite wieren och ëmmer méi Lëtzebuerger.

Stroossen Englen - De Reportage vum Monique Kater

De Jean-Luc Lauer huet Metzler geléiert, schafft haut als Doudegriewer a rennt, wann e fäerdeg ass, vun Dikrech aus, hott an har iwwer Land, fir deenen, déi näischt oder kaum eppes hunn, scho mol eppes z’iessen ze bréngen. Se sinn zu 12 op deem Trip. De Stroossenengel Lauer geet selwer heeschen, fir dat zesummenzekréien, wat déi brauchen, déi näischt hunn. A “jo”, där gëtt et hei am Land, confirméiert de Jean-Luc Lauer, an dat vun all Alter, all Nationalitéit – ah jo, do wieren och ëmmer méi Lëtzebuerger drënner, mat miserabelem oder guer kengem Akommes.

Jean-Luc Lauer:“Dat huet kee Mazout! Ech sot: dat ka jo net wouer sinn, wéi méchs de dat dann? Mee zwee, dräi mol d’Woch tanken ech dann eng Kan voll an da schëdden ech dat an d’Heizung. Mir haten elo eng Mamm mat zwee Kanner, déi huet geschafft – dee Betrib huet vun haut op muer d’Dieren zougemaach. Ee vun eise Leit war do... am Frigo stoung een Dëppchen Margarine dran!”

Och wann den Ament d’Kris kann als Ursaach duerhalen, si géifen net just deenen Affer ënnert d‘Äerm gräifen, mä och Leit, déi am räiche Lëtzebuerg eng Pensioun hunn, vun där d’Politik léiwer näischt wësse wëll, zielt de Jean-Luc Lauer.

Jean-Luc Lauer:“D’Bomchen an de Bopchen, déi hiert Liewe laang geschafft hunn, an da lafen déi mat Renten doruechter vu 900 bis 1.100 Euro. Där ginn et der e ganze Koup. Déi meescht leien ënner 1.000 Euro.”

Si hätte mat ville Nationalitéiten ze dinn, op der Strooss, an op där ass et dem Stroossenengel egal, ob se Millewee heescht oder Groussgaass...

Jean-Luc Lauer:an der Groussgaass... dat ass e gemëschte Publikum. Do hu mer vun Italiener iwwer Polen, Russen, Schweden, Englänner, Éisträicher, Schwäizer hu mer alles. Dat si ganz fei Leit, déi erwaarde sech hei eppes an deem räiche Land, a wa se da gesinn: Keng Adress keng Aarbecht, keng Aarbecht keng Adress... a wa se dann hei froen, fir Hëllef ze kréien, gi se ofgewisen, an dann op eemol si se fort.”

Vun Dikrech iwwer Ettelbréck op Miersch an dann an d’Stad... egal wien d’Stroossenengelen do begéinen, bekäschtege si, obschonns et méi ewéi eemol géing kraachen, a si an 2 Joer iwwer 30 mol d’Police hu misse ruffen. D’Aggressivitéit géing erop, zesumme mat der Aarmut.

Jean-Luc Lauer:Mir gesinn, dass se näischt hunn, dee Problem gesi mir. Bei eis geet et net ëm Formalitéiten. Mir handelen einfach, mir ginn de Leit z’iessen an ze drénken esouvill wéi mer hunn a kënne ginn. Mir hu mat 15 manner bemëttelte Familljen ugefaangen, virun engem Joer. Elo si mer op 102. Mir gesi wou d’Aarmut ass a muss ugepaakt ginn... kommt wann ech gelift net mat Demanden oder Formulairen, déi Leit si schonn esou um Buedem.”

Dem Dikrecher Stroossenengel geet een also bei sengem ganzen Asaz besser net op d’Nerven. Hien a seng Leit wieren eben déi aner, déi onkomplizéiert a séier Hëllef.

http://www.stroossenenglen.lu/

Back to Top
CIM LOGO