Den CGDIS melltZwee Blesséierter bei zwee Accidenter e Mëttwoch de Mëtteg

RTL Lëtzebuerg
Zu Bieles, zu Pretten an op der Musel waren d'Rettungsekippen am Asaz. Zwou Persoune si bei Accidenter verwonnt ginn.
© Laurent Weber

An der Mëttesstonn war et zu Bieles an der Rue de France en Accident tëscht zwee Autoen, bei deem eng Persoun blesséiert ginn ass. D’Pompjeeën an d’Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng waren op der Plaz.

Wéineg méi spéit waren d’Pompjeeë vu Miersch a vu Lëntgen op Prette gefuer wéinst enger gréisserer Dampentwécklung an der Rue de la Montagne.

Tëscht der Ellenger Gare a Réimech ass et géint 14.20 Auer zu engem weidere Stroossenaccident komm. Och bei dëser Kollisioun ass eng Persoun verwonnt ginn. D’Rettungsekippe vu Réimech waren do am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO