De Virusstamm mam Numm B1.1.7 wier bis zu 70 Prozent méi ustiechend. De Laboratoire Nationale de Santé sequenzéiert den Ament 384 Viren d’Woch. Bis ewell huet een déi brittesch Mutatioun a 6 Prouwe vu ronn 1.000, déi ee gemaach huet, fonnt.
Mesurë fir Verbreedung anzedämmen
Brittesch Staatsbierger dierfen den Ament net ouni Grond a Lëtzebuerg areesen, ausserdeem brauch jiddereen, dee vun der Insel an de Grand-Duché wëll kommen, en negativen Test, dee net méi al ass wéi 48 Stonnen. Fir aner Länner gëllen den Ament keng Reegelen, mëttlerweil zirkuléiert dëse Strang a ganz Europa. Déi meescht bekannte Fäll ausserhalb vu Groussbritannien gëtt et an Dänemark, Irland, Holland a Portugal.

30 Prozent vu positive Fäll gi sequenzéiert
Fir ze wëssen, wéi eng Virus-Varianten zirkuléieren, analyséiere Laboen de geneeën Opbau vum Virus a kënnen dës esou an eng Zort Kategorie aklasséieren. D’Experte schwätzen an deem Kader vu Sequenzéierung. A genee wéi beim Teste gëllt och hei: Wat ee méi genee kuckt, wat ee méi fënnt.

Groussbritannien ass bekannt fir vill Sequenzéierung, genee wéi Lëtzebuerg an Dänemark. A Portugal goufe relativ wéineg Fäll analyséiert. Bei deenen, wou nogekuckt gouf, war déi brittesch Variant mat knapp 8 Prozent vertrueden. Lëtzebuerg gehéiert zu de 5 Länner, déi pro positive Fall am meeschte sequenzéieren.

Datt Vire mutéieren, grad wa se vill zirkuléieren, ass net aussergewéinlech. Och an de nächste Wochen a Méint wäert ëmmer nees iwwert nei Varianten an hiren Impakt diskutéiert ginn.
