Rapartriementsvollen aus dem OmanÉischte Fliger mat Lëtzebuerger gestart, zweete soll fir owes organiséiert ginn

Céline Eischen
Wéi op der Plattform Flightradar24 ze gesinn ass, ass en éischte Rapatriementsvol mat Lëtzebuerger am Oman gestart, en zwee Fluch soll dem Ausseminister no fir e Mëttwoch den Owend geplangt sinn.
Archivbild vun engem Luxair-Fliger. Heibäi muss et sech net ëm de Fliger handelen, deen am Asaz ass.
© Image by Jwh / Wikipedia Luxembourg
Éischte Rapatriementsvol mat Lëtzebuerger am Oman gestart
De Xavier Bettel huet e Mëttwoch den Owend matgedeelt, datt eng éischt Luxair-Maschinn mat Lëtzebuerger u Bord an der Konfliktregioun am Noen Osten gestart ass.

E Mëttwoch den Owend kuerz no 18.30 Auer eiser Zäit ass den éischte Raptriementsvol am Oman mat Lëtzebuerger u Bord gestart, wéi den Ausseminister Xavier Bettel an engem Statement matdeelt. 104 Passagéier wieren u Bord, dorënner 7 Bëbeeën an zwee Kanner. Well d’Pilote net sou laang dierfen um Stéck fléien, gëtt een Tëschestopp an Ägypten gemaach, sou nach de Xavier Bettel. D’Leit géingen am Hotel ënnerbruecht. Fir e Mëttwoch den Owend soll nach een zweete Fliger vum Oman Richtung Lëtzebuerg organiséiert ginn.

Op der Plattform Flightradar24 war e Mëttwoch den Owend ze gesinn, wéi eng Luxair-Maschinn mat Lëtzebuerger u Bord zu Maskat gestart ass.
Op der Plattform Flightradar24 war e Mëttwoch den Owend ze gesinn, wéi eng Luxair-Maschinn mat Lëtzebuerger u Bord zu Maskat gestart ass.
© Screenshot Flightradar24

Lëtzebuerg préift all Optioune fir Rapatriementer

Wéinst dem Iran Konflikt ass déi Lëtzebuerger Regierung den Ament amgaangen, alleguerten d’Optiounen ze préiwen, fir déi ronn 600 Lëtzebuerger Touristen, déi aktuell an de concernéierte Gebidder festsëtzen, nees heem ze bréngen. Méiglech Optioune si Volle mat der Luxair, awer och eventuell Rapatriementer mat de Militärfligeren A400M oder MRTT, dat an Zesummenaarbecht mat der Belsch. Dat schreift d’Regierung en Dënschdeg an engem Communiqué.

Wéi op der Plattform Flight-Radar ze gesinn ass, ass eng Luxair-Maschinn virun enger hallwer Stonn zu Maskat am Oman geland. D’Luxair hat d’Boeing 737 schonn en Dënschdeg an Ägypte geschéckt, fir séier sur place kënnen ze sinn, falls Rapatriementer méiglech géife ginn. Dës Maschinn, déi Plaz huet fir 186 Passagéier, ass dann elo wéi gesot weider an den Oman geflunn. Zäitgläich krute mir dann och vu concernéierte Lëtzebuerger Touriste sur place confirméiert, datt ee Grupp zanter e Mëttwoch de Moien mat engem Bus vun Dubai aus ënnerwee ass.

Aus Lëtzebuerger Siicht wieren alles an allem 600 Leit aktuell am Noen Osten. Dat si Lëtzebuerger a Net-Lëtzebuerger Residenten, déi sech am LamA System gemellt hunn, mee och Luxair-Clienten, déi sech net gemellt hunn, esou den Ausseministère op Nofro hin. 400 wieren an den arabeschen Emirate. 100 an anere Länner ewéi Saudi-Arabien oder de Katar zum Beispill.

Net gewosst ass, wéi vill Leit fir eng Vakanz oder e Sejour an der Regioun sinn a wéi vill permanent op der Plaz sinn.

D’Sécherheet vun de Lëtzebuerger sur place hätten iewescht Prioritéit, esou nach d’Regierung.

Och eis Nopeschlänner hunn ugefaangen hir Residenten ze Rapatriéieren: Zwou Lufthansa Maschinnen sollen haut a Richtung Noen Oste starten. Eng ronn 30.000 däitsch Touristen hänken aktuell an de betraffene Gebidder fest.

Weltwäit probéieren d’Staaten hir Residenten zréckzebréngen:

Länner weltwäit bréngen hir Residenten aus dem Noen Osten zréck
Um 5. Dag vum Krich am Noen Osten hunn et weider Touristen a Fligere gepackt, fir nees an hir Heemechten ze kommen. Och Lëtzebuerg huet en éischte Fluch gestart


Liest och:

Back to Top
CIM LOGO