
De franséischen Europadeputéierte Pascal Canfin huet op sengem Twitter-Account publizéiert, wéi vill Impfdosisse Frankräich pro Mount vu wéi engem Hiersteller kritt. Op Basis vun dësem Dokument léisst sech ausrechnen, wéini de Grand-Duché ongeféier mat wéi enge Vaccine beliwwert gëtt.
An der Europäescher Unioun ginn d’Dosissen no engem bestëmmte Schlëssel verdeelt. Frankräich kritt 15 Prozent vun de Commanden, Lëtzebuerg 0,14 Prozent. Berechent gëtt deen Taux op den Undeel vun der Populatioun, gemooss op d’EU-27.
An dëser Oplëschtung sinn nach net déi zousätzlech 300 Millioune Vaccine vu Biontech/Pfizer dobäi, déi d’EU-Kommissioun noverhandelt huet. An och net de Fait, datt een aus enger Biontech/Pfizer-Fläsch net 5, mä 6 Dosisse kann notzen.

Wat géif dat fir Lëtzebuerg bedeiten?
Hëlt een d’Zuele vu Frankräich a rechent een et ëm op Lëtzebuerg, géif dat folgend Situatioun erginn: Bis ewell goufen nëmmen d’Vaccine vu Biontech/Pfizer a Moderna vun der Europäescher Medikamentenagence Ema zougelooss. Déi Dosissen, déi kontraktuell festgehale goufen, kënnen nëmmen dann ausgeliwwert ginn, wann eng Autorisatioun virläit. An der Tabell steet ëmmer den Total, dee bis dee Mount ausgeliwwert soll ginn. Fir de Juli bis Dezember kéimen nach emol zousätzlech iwwer 1 Millioun Dosissen dobäi. Bemierkung: Et handelt sech hei net ëm offiziell Zuele vum Lëtzebuerger Gesondheetsministère.



Den Iwwerbléck vun de Liwwerungen op Lëtzebuerg (Stand 14. Januar 2021)
26. Dezember 2020: 9700 Dosisse vu Biontech/Pfizer
11. Januar 2021: 1200 Dosisse vu Moderna
11. Januar 2021: 4875 Dosisse vu Biontech/Pfizer
