
Eng Persoun gouf verwonnt, nodeems um Méindeg kuerz virun 00:30 Auer tëscht der Kockelscheier a Réiser en Auto gebrannt huet. D'Pompjeeën aus der Stad a vu Réiser waren am Asaz, grad ewéi d'Ambulanz aus der Stad.
3 weider Bränn
Um Sonndeg den Owend goufen et dann nach dräi weider Bränn. Uu Welleschten hat e Gaardenhaischen gebrannt, op der A3 Richtung Metz ht e weideren Auto Feier gefaangen an zu Reiler war et e Vegetatiounsbrand. Hei mellt de CGDIS keng Blesséierter.