Problemer mam DrénkwaasserDrénkwaasser am Quartier Cloche d'Or verknascht, Entwarnung am Laf vum Mëttwoch

RTL Lëtzebuerg
Am komplette Stater Quartier Cloche d'Or an muss den Ament d'Drénkwaasser ofgekacht ginn, éier et benotzt gëtt.
© AFP

Well et e Probleem mat engem Schieber bei der Sebes gouf, ass nämlech knaschtegt Waasser an de Reseau vun der Stater Gemeng gepompelt ginn - do gouf awer séier reagéiert, sou datt just de Quartier nei Gaasperech, also d'Cloche d'Or betraff ass.

Dono koum och d'Meldung, datt déi komplett Gemeng Hesper och betraff war, ma hei gëtt et mëttlerweil Entwarnung.

Deemno ass d'Drénkwaasser vun elo un net ze huelen, respektiv ofzekachen.

Betraff sinn am Quartier Cloche d'Or d'Stéit a ronn enger Dose Stroossen, notamment zum Beispill de Boulevard Raiffeisen, de Boulevard Kockelscheier, d'Stroossen Emile Bian, Robert Stumper, Henri M. Schnadt, Gerhard Mercator, Charles Darwin an Isaac Newton.

PDF: Offiziellt Schreiwes vun der Sebes

Back to Top
CIM LOGO