Vill ze dacks baue sech Leit eng schéi Fassad op. Ënnert dem Motto ''Iwwer Geld schwätzt een net''. Dat esouguer bannen der eegener Famill, bannen der eegener Koppel. A souguer wann de Botz scho ferm bréckelt, gëtt mordikus probéiert Froe wéi "Wat maachen ech mam Geld?" "Wat mécht d'Geld mat mir?" aus dem Wee ze goen.
Vill ze dacks géif och eent vergiess:
"Wéini ass et genuch? Wann ech dat vergiessen, da klicken ech ëmmer rëm, da kafen ech ëmmer rëm an, dann huelen ech erëm een neie Prêt op. An den Antidote, wéi ech gesot hunn, ass d'Dankbarkeet virun deem, par Rapport zu deem, wat ech schonn hunn. Ech krut d'Liewe geschenkt, ech hu Leit ronderëm mech, ech hu Professioneller, déi mech hei zu Lëtzebuerg encadréieren, ech hunn Helplinen. Dat heescht, ech sinn net eleng do, ech muss d'Hëllef just wëllen unhuelen", sou de Guy Schmit, dee sech ënner anerem mat der Fro beschäftegt, wat fir eng Relatioun mir zum Geld hunn?
"Dat Alleréischt ass, mengen ech, ganz oft einfach emol nolauschteren. Also ech mengen, et ass oft dann déi éischte Kéier, dass ee bereet ass, sech opzemaachen an iwwert seng Problemer ze schwätzen. Eleng dat ka schonn zu méi Kloerheet féieren. Dofir och nach eng Kéier wichteg, eeben ze soen, dass et ëmmer vertraulech Gespréicher sinn. An dann hänkt et wierklech en Fonctioun vun de Leit of. Mee wat mer generell kënne maachen, ass vläicht eng Budgetsanalys. Zesummen ze kucken: wou ginn d'Suen hin an de Leit och Tippen ze ginn, wa mer mierken, dass do vläicht déi eng oder aner Ausgabe méi héich sinn, wéi se et vläicht misste sinn", sou d'Nathalie Schmit vun der Ligue Médico-Sociale
Weider Etappe kënne sinn, datt d'Beroder am Numm vun de betraffene Leit verhandelen, fir d'Schold ofzebezuelen. A leschter Instanz gëtt et d'Gesetz vum Surendettement, wou eng legal Prozedur méiglech ass, fir senge Scholden nees Meeschter ze ginn.
Wat den Ursprong vun der Iwwerverschëldung ubelaangt, sou ginn et vill Facteuren. Vun Additiounen, iwwer d'Digitalisatioun, bis zu enger spezifescher Lëtzebuerger Belaaschtung, de Logements-Käschten. Den Antoine Paccoud vum LISER kënnt a senger Etüd zur Conclusioun : "Qu’on soit locataire ou quelqu’un qui repaye un prêt immobilier, on a des parts très importantes des revenus qui vont vers le coût du logement au‑dessus de 35 %, et pour les ménages les moins aisés, ça peut faire rapidement de l’ordre de la moitié de leur revenu."
D'Letty Reichling vun Inter-Actions stellt fest, datt d'Suen e bësse verschwannen. Zanter dem Covid hätt d'Gewunnecht zougeholl, mat der Kaart ze bezuelen. Iwwer Internet wier einfach vun allem ze bestellen. Souguer en neie Kredit ze maachen, géif oft nëmmen e puer Klicken, e puer Minutten daueren a schonn huet een erëm en neie Kredit an d'Verschëldung ass erëm méi grouss.
Wann dann een sou genannt "Accident de la vie" geschitt: d'Aarbecht verluer, Chômage, e Krankheetsfall, eng Scheedung, ass de Kipp-Punkt séier erreecht. Wichteg wier, vum jonken Alter un, de gudden Ëmgang mam Geld ze léieren. Dat ass ewell en Thema, och an de Lëtzebuerger Schoulen. An dat net just wärend dëser Woch, déi am Zeeche vun der Iwwerverschëldung steet.
Hei kritt ee gehollef, wann ee sech iwwerschëlt huet:
Ligue Médico-Sociale : www.ligue.lu - Helpline 48 83 33 300
Inter-Actions : www.dettes-net.lu - Helpline 54 77 24 22