Dës Direktiv huet d'Zil, fir d'Droits d'auteur nei ze reegelen an un d'digital Gesellschaft unzepassen.

Nach dëst Joer soll d'EU-Copyright-Direktive zu Lëtzebuerg ëmgesat ginn. Den Text gouf 2019 am Europaparlament gestëmmt an huet fir vill Kritik gesuergt. Dowéinst huet de Chaos Computer Club Lëtzebuerg elo e Positiounspabeier ausgeschafft, wou si op déi positiv an negativ Konsequenze vun der Direktiv aginn.

EU-Copyright-Direktiv soll ëmgesat ginn / Rep. C. Kollwelter

Virun zwee Joer, sinn déi Jonk uechter ganz Europa op d'Strooss gaangen, fir géint d'Copyright-Direktiv ze manifestéieren. Virop den Artikel 13 stoung an der Kritik. Den Artikel 13 heescht elo Artikel 17, mä um Text huet wéineg geännert.

Wien aktuell zum Beispill e Video an den Internet setzt, ass selwer responsabel fir de Contenue. Matt der neier Direktiv sollen awer d'Plattforme wéi Youtube oder Facebook an d'Responsabilitéit geholl ginn. Déi Plattforme wären da quasi forcéiert, fir en automatesche Filter anzebauen. E sougenannten Upload-Filter, deen erkennt, wa géint de Copyright verstouss gëtt. Esou Upload-Filtere géingen awer dacks de Kontext net erkennen an esouguer Videoe blockéieren, déi net géint d’Droits d’auteur verstoussen, kritiséiert de Computer Club.

Fir dat z'evitéieren, kéint de Chaos Camputer Club sech virstellen, datt déi grouss Internet-Plattformen an Zukunft Lizenze bezuelen. Eng sougenannte Kulturflatrate wär scho méi laang am Gespréich.

De Positionspabeier huet de Chaos Computer Club un all d'Parteie verschéckt. Den Text ass och online um Internetsite copyrightreform.lu ze fannen.