
Esou steet et op der Internetsäit vun de Stroossenengelen. Eng vun de Missioune vun der ASBL ass déi, Liewensmëttel bei d’Leit heemzeféieren. Bal 300 Nimm stinn op de Stroossenengelen hirer Lëscht. Alles eenzel, komplizéiert Liewensgeschichten, déi um Enn op dat selwecht erauslafen: Eng Rent, déi vir an hannen net duergeet. Laangzäit-Chômage, RMG, e Liewen op der Strooss. Fir aus der Bunn ze geroden, brauch et hautdesdaags net vill, seet de Luc Lauer, dee reegelméisseg fir d’Stroossenengelen ënnerwee ass, an d’Monique Kater op d’Stater Tournée matgeholl hat.
“Mir haten 105 Familljen, viru 14 Méint. Wéi mer ugefaangen hu mam Programm hate mer 15 Familljen. Leit sinn et der mengen ech 287, déi mir, d’Stroossenengelen, selwer verfleegen”, erkläert de Luc Lauer.
U sech ass dat e Full-Time-Job, deen ee muss zimmlech gäre maachen, well et mécht een en niewebäi an dat och nach fir ‘lau’. De Luc Lauer kritt Ronschelen op d’Stier, wann en esou eppes héiert, well hei géing et ëm de Mënsch; ëm Mënschen, déi wuel kaum aus Spaass un der Freed op de Stroossenengel a seng Camionnette waarden. Se hu ganz einfach net genuch Suen, fir anstänneg ze liewen.
“Mir sëtzen hei an der Stuff bei Leit, déi zu eise Familljen zielen, déi manner bemëttelt sinn, wou et net esou gutt geet an déi vun der banque alimentaire a vum Lions-Club versuergt ginn. Dat ass de Foodbox-Programm an dann hu mer se am Brout-Tour mat dran.”
70 hätt si der elo, erzielt d’Elise, haut Wittfra, a mat 39 Joer schonn duerch en Accident net méi capabel ze schaffen.
“Zu Izeg am Kannerheem hunn ech geschafft. An de leschten Dag sinn ech mam Bus dohi gefuer an dunn hat ech en Unfall. Ech hunn elo just RMG, wat soll ech da maachen? Elo hunn ech alles bezuelt, meng Antenn, eng Ofrechnung vun der Gemeng -298 Euro, de Loyer – 319, de Leo bezuelt. Ech hat fir 911 Euro. Vun 1.499 hunn ech nëmmen RMG, wat hunn ech dann nach Rescht? Mee dee Mann hei, deen hëlleft mer ëmmer.”
An dee Mann heescht Tun, hien ass Locataire am selwechten Haus. Seng 81 géing een him net ginn. Dobäi war seng Jugend alles anescht wéi flott. De Papp - agezunn, koum dono als Friemen heem, erënnert den Tun sech.
“Du si mer grouss ginn an deem ganzen Aarmut, d’Mamm hat 7 Kanner. Du si mer bei d’Famill gaangen, sinn hei gelant. Du si mer bei der Gemeng gelant – de Papp war jo net méi do. Do hat ech scho 7 Joer, do sinn der komm vun der Gemeng, dunn hu se ons virun d’Dier gesat, mat de Kanner op d’Strooss. Ech hunn du Problemer gehat am Liewen. Ech souz an enger Kartongskëscht an dunn hu mir eis kennegeléiert. Hei verdeele mer dat, wat mer hunn. Wa mer näischt méi hunn, gi mer dem Hond de Rescht nach, dass deen alt och nach eppes huet.”
“Wann et esou weidergeet wéi bis elo an eisem Land, also ech gesinn et jo och bei anere Kolleegen, also et geet nëmme biergof hei. Do sinn der dobäi, déi kommen aus der Situatioun och net eraus.”
Eng kuerz mee kloer Äntwert war dat vum Carine. Si ass déi Jéngst, déi mir um Tour vun de Stroossenengele kennegeléiert hunn – 1 vu ronn 30 Persounen um Luc Lauer senger Lëscht, eleng an der Stad. Jo, och dat gëtt et, et ass déi aner, manner Bling-Bling-Säit vun eisem räiche Lëtzebuerg.