
Am Kader vun enger geziilter Sich am Beräich vun der Bekämpfung géint Wunnengsabréch, huet d’Répression du Grand-Banditisme vun der Police judiciarie e Mëttwoch am Süde vum Land dräi presuméiert Abriecher festgeholl. De Verdächtege gëtt virgehäit, an der Vergaangenheet an e puer Haiser agebrach ze sinn. Éischten Informatiounen no sinn d’Täter aus dem Ausland ugereest, fir geziilt Abréch an der Regioun ze begoen.
Op Grond vu koordinéierten an operative Sichaktioune säitens der Police judiciaire konnten déi dräi gesichte Persoune schliisslech lokaliséiert an op Uerder vum Parquet festgeholl ginn. Am Kader vun der Festnam gouf och d’Gefier saiséiert, dat vun de Verdächtege genotzt gouf. D’Ermëttlunge iwwert de geneeën Oflaf vun der Dot, sou wéi iwwer méiglech weider Strofdoten, lafen nach.