An den 110 Joer ale Klouschtermaueren ass eng opwänneg Renovatioun virgesinn, well am héijen Norden en edukative Commemoratiounszenter entsteet.

D'Konventioun, déi d'Regierung Enn Januar mat de jiddesche Communautéite signéiert huet, huet nieft engem finanziellen Volet, deen d'Spoliatioun wärend der Nazi-Occupatioun betrëfft, och e ganz konkret materiellen Aspekt.

Sou engagéiert sech de Staat an där Konventioun, d'Klouschter Fünfbrunnen tëscht Ëlwen a Saassel ze kafen.

Zukunft Pafemillen - E Reportage vum Roy Grotz

Eppes wat ewell virun der Signature vun der Konventioun geschitt ass, nämlech um 31. Dezember.

Op deem Datum gouf den Akt signéiert tëscht der Communautéit vun den Häerz-Jesu-Pateren an dem Staat - Käschtepunkt 7,9 Milliounen Euro fir de grousse Site Pafemillen, matten an den Éisleker Bëscher an der Gemeng Wëntger.

An de Klouschtermaueren, déi lo 110 Joer al sinn, ass eng opwänneg Renovatioun virgesinn, well am héijen Norden en edukative Commemoratiounszenter entsteet.

Dat net fir näischt, well Fünfbrunnen ass enk mat der Geschicht a mat der jiddescher Communautéit am Zweete Weltkrich verbonnen a spillt domat eng eminent Roll an der Shoah zu Lëtzebuerg.

Et war am Summer 1941, wéi d'Gestapo aus dem Klouschter en Tësche-Camp gemaach huet.

Tëscht Oktober 1941 an Abrëll '43 goufen dunn 674 Judden vun hei aus an 8 Convoien an den däitsch-polnesche Ghetto Lodz, op Theresienstadt respektiv an d'Kazett Auschwitz-Birkenau deportéiert.

Nom Enn vum Krich haten d'US-Truppen e Lazarett ageriicht, éier nees d'Pateren zeréck an hiert Klouschter koumen.

Am Zenter, deen am fréiere Klouschter bei Ëlwen entsteet, soll also den deportéierten Affer geduecht ginn. Mä dat op eng lieweg, accessibel Manéier, sou datt och Jonker sech kënnen e Bild dervun maachen, wat sech d'Nazien u Verbrieche geleescht hunn, notamment an der Persecutioun vun onschëllegen jiddeschen Familljen - e Stéck Lëtzebuerger Geschicht, dat opgeschafft an dokumentéiert gëtt.

Et soll en Zeeche géint Antisemitismus a Rassismus zu Cinqfontaines gesat ginn - do wou bis dato zanter 1969 e Monument vum Lucien Wercollier un d'Faiten aus den 40er Jore vum leschte Joerhonnert erënnert.

Den Ëmbau an d'Renovatioun vum Häerz-Jesu-Klouschter kascht de 4 Ministere Bettel, Meisch, Bausch a Gramegna no ronn 17,6 Milliounen Euro, mä dat wier nëmmen eng sommaire Schätzung, heescht et, well bis lo nach keng Baupläng virleien, déi kënne chiffréiert ginn.

All dës Donnéeë liwwert d'Regierung op Basis vun enger parlamentarescher Fro vum DP-Norddeputéierten André Bauler.

Domat hält d'Klouschterliewen zu Fünfbrunnen op, wou zanter 1903 d'Häerz-Jesu-Patere gelieft a gewierkt hunn - iwwregens gouf Cinqfontaines vum Architekt Johannes Klomp gebaut, deen och fir d'Pläng fir d'Abtei an d'Kierch vu Klierf entworf huet.

Nodeem d'Pateren d'Lokalitéite verlooss hunn, fänkt deemno en neit Liewe fir d'historesch, klasséiert Gebailechkeeten iwwert dem Dall vun der Wolz un. Aktuell ginn et nach ronn 2.200 Häerz-Jesu-Pateren an 42 Länner.

RTL

© Tom Krantz