2015 gouf et jo eng Visite vum CPT, dem europäesche Comité fir d'Preventioun géint Folter an onmënschlechem Traitement.

Et wier erschreckend, datt Lëtzebuerg d'Recommandatiounen zu Verbesserungen an de Prisongen, déi se viru 6 Jore kritt hunn, nach ëmmer net ëmgesat hätten, esou d'Reproche vun der ASBL „eran, eraus... an elo?“. 2015 gouf et eng Visite vum CPT, dem europäesche Comité fir d'Preventioun géint Folter an onmënschlechem Traitement. Et wier Schued, datt e groussen Deel vun dëse Recommandatiounen nach guer net oder och just zum Deel ëmgesat goufen.

Reproche géint Prisongen - Reportage Tim Morizet

Dat géif beim banalen an internationale Standard ufänken, keng Toilettë méi matten an enger Zell ze hunn. De Christian Richartz, President vun „eran, eraus... an elo?“: „Datt wann een elo muss op d'Toilette goen, an deen anere läit am Bett ze schlofen, datt do eng raimlech Trennung existéiert. Et geet dorëms e Cloisonnement ze bauen, dat ass jo keng gréisser Affär. 2016 sinn do och Demarche gemaach ginn. Mee da gesäit ee bemol, datt vun 168 Zellen, wou dat sollt gemaach ginn, ass et knapp an der Halschent ëmgesat ginn.“

E grousse Problem géif och nach ëmmer bei der Visitt vun de Familljen existéieren: „Et ass ganz wichteg, datt e Prisonéier säi Kontakt mat der Famille a virun allem mat de Kanner kann halen, datt wann en no puer Joer erauskënnt, datt déi Kanner net bemol e frieme Mann virun sech stoen hunn. 2018, 3 Joer no der Visitt vum CPT, gouf dat och festgehalen, datt esou Familljenvisitë kenne gemaach ginn. 3 Joer méi spéit – gouf et nach ëmmer keng esou Visitten.“

Problemer, déi op déi al Gebailechkeeten zeréckzeféiere sinn, esou d'Justizministesch, Sam Tanson: „Et sinn e puer Saachen, do si mer wierklech ofhängeg dovunner, datt den Uerschterhaff opgeet an, datt mer dann och méi Platz zu Schraasseg kréien. Do si mer den Ament einfach limitéiert. De Prisong ass e ganz statescht Gebai ,dat net flexibel asetzbar ass.“

An dat hätt och Konsequenzen op d'Visite vun de Familljen, dem Beräich vun de Fraen, an och de separaten Toiletten. D'Zëmmere missten och eidel gi fir, datt dës Installatioune kënne gemaach ginn. Wann de neie Prisong zu Suessem bis entlaascht – dat soll Enn d'nächst Joer de Fall sinn – da kéint ee méi Transformatioun, méi séier fäerdeg kréien, esou d'Ministesch.

Der asbl „eran, eraus.. an elo?“ ass virun allem och déi héich Zuel u Leit déi an Untersuchungshaft sëtzen en Dar am Aen: „Mir hunn Angscht, datt wa mer elo e Prisong zu Suessem baue fir 400 Untersuchungshäftlingen, datt d'Volontéit net do ass fir d'Leit manner an Untersuchungshaft ze sëtzen. Dat géif jo dann eventuell bedeiten, datt mer bemol e Prisong zu Suessem hätten, dee, zu engem gudden Deel, misst eidel stoen.“

Den Ament mussen 48%, also all 2t Persoun déi virun den Untersuchungsriichter kennt preventiv dobehale ginn. Eng Zuel net gutt klengt, dat fënnt och d'Sam Tanson: „Et muss een dës awer an de Kontext vu Lëtzebuerg sëtzen. Mir si ganz international opgestallt an hu vill Leit déi vun hannert der Grenz op Lëtzebuerg kommen. Wéini kennt een an eng preventiv Detention? Dat ass wann eng Gravitéit vun engem Fait virleit an wann e Risk besteet, datt eng Fluchtgefor do ass. Déi gëtt presuméiert wann ee net zu Lëtzebuerg wunnt. Da muss een och wëssen, datt d'halschent vun de Leit déi zu Schrasseg sinn, net Residenten zu Lëtzebuerg sinn. An déi Zuele kann een och ongeféier fir d'Untersuchungshaft bestätegen.“

Den Ament hunn och 14 Persounen den elektronesch Bracelet un a sinn Doheem „agespaart“. Dës Alternativ kennt zu Lëtzebuerg awer nëmmen a Fro, wann déi schëlleg Persoun zu maximal 2 Joer Prisong veruerteelt gouf.