Dat sot d'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen e Mëttwoch de Moien an engem Live-Interview am RTL-Moiesjournal.

Den CSV-Parteipresident huet seng Parteikolleegen an eng onméiglech Situatioun bruecht. Sou huet d’CSV-Fraktiounscheffin d’Affär ëm de Frank Engel e Mëttwoch de Moien am Journal hei op RTL kommentéiert. D’Deputéiert wieren eréischt d’lescht Woch op der Generalversammlung vun der Asbl CSV Frëndeskrees gewuer ginn, datt de Frank Engel eng Pai vu 6.000 Euro brutto vun der Asbl krut. Dat fir eng Aarbecht, déi hien net gemaach hätt.

D’Martine Hansen sot hei op der Antenn, si an hir Parteikolleegen hätte kee Choix méi gehat, ewéi en onofhängegen Avis juridique ze froen. An deen Avis wier du kloer gewiescht: d’Deputéiert missten d’Mëssstänn dem Parquet mellen.

Extrait Martine Hansen

Am Ursprong stinn hei net d'Leit, déi d'Fakte weider ginn, mä d'Fakte selwer. Hei musse mer fir Transparenz suergen, dat och am Interessi vun der Partei. Et kann net ëmmer alles probéiert ginn, ënnert den Tapis ze kieren. Transparenz deet heiansdo wéi, mä mëttelfristeg a laangfristeg deet Gemauschels nach vill méi wéi an dat géif och nach vill méi Schued uriichten un d'Partei. Dat hei ass eppes, dat definitiv kee gäre gemaach huet, mä mir brauchen hei voll Transparenz, dat och am Sënn nach vun der Parteiefinanzéierung.

Wéi et heescht, steet de Verdacht vu Faux an Usage de faux am Raum. 13 CSV-Memberen, dorënner 6 Deputéiert hunn de Bréif un de Parquet ënnerschriwwen. Dorënner ass och de CSV-Deputéierte Felix Eischen, deen den Aarbechtskontrakt fir de Frank Engel awer och mat ënnerschriwwen hat. De Felix Eischen war e Mëttwoch de Moien net fir eng Reaktioun z'erreechen. Wéi mir op Nofro hi vum Justizspriecher confirméiert kruten, ass d’Denonciatioun beim Parquet ukomm a gëtt elo analyséiert.

De kompletten Interview mam Martine Hansen