Dosende Beamte am AsazPerquisitiounen en Dënschdeg de Moien op verschiddene Plazen am Land

RTL Lëtzebuerg
Et goufen en Dënschdeg eng ganz Rei Perquisitiounen am Land, ënnert anerem zu Ettelbréck, Esch an och Réimech.
© RTL Mobile Reporter

De Porte-parole vun der Justiz Henri Eippers preziséiert, datt dat eng Aktioun war, déi am Kader vun enger Commission rogatoire internationale duerchgefouert gouf.

Frankräich hat gefrot, Rechtshëllef vu Lëtzebuerg ze kréien, an déi Demande gouf accordéiert an eben en Dënschdeg de Moien ëmgesat.

D'Wort huet Prezisiounen zu de Perquisitiounen. Sou wiere 4 Persounen festgeholl ginn. Hannergrond wier internationalen Drogenhandel an organiséiert Kriminalitéit, viséiert eng serbesch-montenegrinesch Organisatioun.

Iwwer 100 Beamten waren am Asaz. Drogefahnder, IT-Spezialisten an och d’Hondsstaffel. Europol dierft deemnächst Detailer kommunizéieren.

Back to Top
CIM LOGO