Dass dat e Bierger rose mécht, kann ee verstoen. Wann dee Bierger dann och nach Buergermeeschter vun der Nopeschgemeng ass, an dee sech iwwer d’Naturverwaltung opreegt, gëtt déi ganz Saach nach méi intressant. D’Parzell läit tëscht Luerenzweiler an dem Schwunnendall, uewen op der Kopp an nodeems RTL en Donneschdeg op der Plaz war, war e Freideg eng méi lass! Eng Ekipp war amgaangen d’Gatter nees opzeriichten.
Gemengerhand ass et hei uewen um Scheierbierg net esou chic. De Buergermeeschter vu Luerenzweiler leeft 2 Mol d’Woch laanscht dës Parzell an iergert sech iwwer dat, wat hie gesäit: Eng grouss Parzell, déi dem Staat gehéiert, op där Beemercher an Hecke geplanzt sinn, als Kompensatiounsmesuren, mat ronderëm engem maanshéijen Zonk, deen op zeg Plazen ëmläit, wéi de Jos Roller, Buergermeeschter vu Luerenzweiler erkläert.
"Dat hei läit spéitstens vu Januar un ëm, wou een och net gesäit, dass et soll opgeriicht ginn. Et gëtt gesot, et wiere Kanner oder Leit mat hiren Hënn, déi dat géifen ëmstoussen. Also ech bieden iech! An da gëtt gesot, et géif ëm eng Kompenséierung, mä wéi eng gëtt net gesot, sou dass ee sech Suerge mécht a sech als Bierger freet: Wat soll dat do?”
D’Geld géif zur Fënster erausgehäit, hei hätt een e gutt Geschäft gemaach an da géif net méi dono gekuckt. Déi ronn 3 Hektar leien iwweregens net a senger Gemeng, mä op der Kopp tëscht Luerenzweiler an dem Schwunnendall. Egal, genervt ass de Buergermeeschter trotzdeem.
"Ech hu mech op Facebook geout, fir dat do kloer ze maachen. A mir hu mat de Ministère nach eng Rei Hühnercher ze rupfen”.
An Hénger goufe vun engem Dag op deen anere sécher net geplëmmt an der Naturverwaltung, mä vläicht ass ee mat den Ouere gezwibbelt ginn, well e Freideg de Mëtten hu se geschafft, op der Kopp, an d’Gatter dat ëmlouch, gouf nees opgeriicht, seet de Frank Wolff, Directeur adjoint vun der Naturverwaltung:
"De Responsabele vum Projet kënnt reegelméisseg heihinner, mä net all Dag. Et si schonn dräi Mol Deeler ëmgefall, wou mer mengen, et wier op Wand-Evenementer déi mer haten, zréckzeféieren. Dofir gëtt et elo nach eng Kéier verstäerkt.”
De Chef op der Plaz iergert sech, virun allem iwwer de Manktem u Kommunikatioun, deen d'Press misst kompenséieren.
"Fréier huet een do den Telefon geholl a wann een ee Mataarbechter vun der Naturverwaltung ugeruff hätt, déi dee Projet kennen, dann hätt een do kënnen oppen driwwer schwätzen.”
E Bësch fir d’Zukunft soll hei ugeplanzt ginn. Wëldschued gëtt et weider keen, bis elo, mä dofir eng Zort Natur-Vandalismus. Vun de Beemercher an Hecken, déi laanscht de Wee stinn, ass gutt d’Hallschent dout, de Gros vun de jonke Schëtz gouf net ofgebass, mä carrementofgeschnidden...all Respekt.
Op Ouschtersonndeg den 2. Deel vum Reportage op Radio an Télé Lëtzebuerg. Do geet et ëm d’Problematik vum Bësch an Zäite vum Klimawandel an ëm d’Wëldschied.