D’Nominatioun vun der Madamm Wickler als Cargolux-Presidentin huet jo fir vill Kritik gesuergt. Ë.a. well si sech bei Expressis-Verbis engagéiert huet.

D’Christianne Wickler huet sech bei Expressis-Verbis zréckgezunn. Dat sot si an engem Interview mam Paperjam. RTL vis-à-vis huet si dat och confirméiert.

D’Nominatioun vun der Madamm Wickler als Presidentin vun der Cargolux huet jo fir vill Kritik gesuergt. Ënnert anerem well si sech bei Expressis-verbis engagéiert huet, eng Online-Plattform, wou deels ganz kritesch Artikelen iwwer d’Coronakris gedeelt ginn.

D’Christianne Wickler sot dem Paperjam, si hätt sech den Dag no der Nominatioun zréckgezunn. Dat wär keng Obligatioun gewiescht, si hätt dat selwer decidéiert. Als Chef d’Entreprise an als Presidentin vun der Cargolux misst ee sech d’Zäit gutt andeelen.