Karschnatz"Bis Enn der Woch sinn déi meescht fäerdeg mat Dreschen hei am Land", esou de Steve Turmes

Marlène Clement
D'Recolte ass aussergewéinlech fréi ofgeschloss dëst Joer.

Déi nächst Deeg klammen d'Temperaturen nees. Reen ass weider net a Siicht. Dat huet natierlech och een Impakt op d'Landwirtschaft. Den definitive Bilan vum Karschnatz gëtt zwar eréischt Enn August gezunn. Kloer ass awer elo schonn, d'Recolte ass aussergewéinlech fréi ofgeschloss, confirméiert de Steve Turmes, Direkter vun der Lëtzebuerger Saatbau-Genossenschaft.

"Mir hunn dëst Joer eng ganz fréi Recolte. Ech menge bis Enn der Woch sinn déi meescht fäerdeg mat Dreschen hei am Land. Dat gouf et, menges Wëssens, oder hunn ech mer soe gelooss, bis elo just eemol. Dat war 76, wou sou fréi d'Recolte fäerdeg war. Dat heescht, dat ass scho beandrockend, datt mir dëst Joer elo d'Méidrescher alleguerte quasi Enn Juli ufangs August rëm an den Hale sinn an alles gedrescht ass."

De Steve Turmes, Direkter vun der Lëtzebuerger Saatbau-Genossenschaft

De 26. August gëtt den definitive Bilan vum Karschnatz gezunn.

Ee méi laange Reportage iwwer d'Recolte vun de Käre gesitt Dir den Owend am Journal op der Tëlee.

Back to Top
CIM LOGO