D'Leit doheem solle wa méiglech kee Wuess netzen a keng Autoe wäschen. Mee d'Servicer vun de Gemengen gesäit een awer reegelméisseg mat Waassercontainer Planzen a Blummen bewässeren. D'Parke mussen ënnerhale ginn, mee wéi gëtt gläichzäiteg op d'Waasser opgepasst? Mir ware mam Service Parc an der Stad ënnerwee.
Et kann net iwwerall genätzt ginn, präziséiert de Yann Thill vun der Gemeng Lëtzebuerg direkt am Ufank. Mee d'Plantatioune wéi d'Blummen oder jonk Beem brauchen awer Waasser. Géing duerch d'Canicule alles futti goen, misst duerno alles ersat ginn. Dat wier net sënnvoll, esou de Chef vum Service Parc.
Fir de Rousegaart am grousse Stater Park, do wou och d'Monument vun der Prinzessin Amelie ass, muss souguer Drénkwaasser genotzt ginn. Ma dat soll awer eng Ausnam bleiwen. An de verschidde Quartiere gëtt gekuckt, fir Méiglechkeeten ze schafen, fir d'Reewaasser iwwer d'Joer ze sammelen. En Vue vun den Hëtztwelle géing een awer versichen, de Waasserverbrauch op e Minimum ze reduzéieren. Waasser aspueren, dat geschitt bei grousse Gréngflächen. D'Wisen am Märeler Park oder d'Kinnekswiss zum Beispill sinn aktuell zimmlech verdréchent.
Spillen op der Wiss, dat geet och, wa se net méi grad esou gréng ass. An och d'Foussgänger loosse sech dovunner net stéieren. Grouss Beem a vill Schiet, dat wier méi wichteg, wann et waarm ass, soen eis d'Leit an de Mikro.
Blummen awer, dat gehéiert zu engem Park dozou, betount awer och eng Touristin aus England. Vun engem schéine Park hätten d'Leit och eppes.
Anescht ewéi an aneren europäesche Stied, hätt een hei net vir, d'Waasserfontainë wärend der Canicule aus ze maachen, seet dann nach de Yann Thill vun der Ville de Luxembourg. Kuckt ee sech an der Stad ëm, gesäit een effektiv, dass vill Leit Fotoe maachen oder sech ofkillen. D'Waasserspiller um Knuedler beispillsweis, wieren och eng gutt Méiglechkeet, fir d'Temperatur op der grousser Plaz erof ze kréien, erkläert de Yann Thill. Och e Sprangbuer hëlleft, d'Ëmgéigend e wéineg ofzekillen.
Laangfristeg wëll sech de Service Park awer nei Technologië fir d'Bewässerung notzen an d'Parken och allgemeng un e méi waarmt Klima upassen. Stauden a Beem, déi méi resistent sinn, wieren do eng Pist. Eng Erausfuerderung, déi op déi 240 Leit duerkënnt, déi sech an der Stad ëm all d'Parke këmmeren.