Baggerweieren, Wämper Séi a Stauséi vum 1. Mee un op fir schwammen ze goen
D'Responsabel vum Waasserwirtschaftsamt kontrolléiere reegelméisseg d'Qualitéit vum Waasser. Verschidde Parameter ginn dofir ënnert d'Lupp geholl.
Zanter dem 1. Mee sinn d'Schwammgewässer zu Lëtzebuerg also nees. Rieds geet vum Wämper Séi, dem Stauséi an de Baggerweieren zu Rëmerschen.
Bis de 15. September kënnen d'Leit an de Baggerweieren e puer flott Stonne verbréngen. 1.500 Persounen däerfe gläichzäiteg op de Site. Si mussen sech awer am Viraus umellen. Virun a wärend der Saison ginn zu Rëmerschen Stéchprouwe vum Waasser geholl. Dat selwecht geschitt am Stauséi an zu Wäiswampech. Dofir zoustänneg ass d'Waasserwirtschaftsamt. Zil ass et, sech e Gesamtbild vun der Waassersituatioun ze maachen.
Op deenen 3 Plazen am Land, wou een am Waasser schwamme kann, wär d'Situatioun exzellent. Fir dës Bewäertung mussen 2 bakteriologesch Wäerter am Waasser ënnert d'Lupp geholl ginn.
Och d'Opkomme vu Bloalgen hält d'Waasserwirtschaftsamt am A. Dës kommen duerch héich Temperaturen an héije Phosphorgehalt am Waasser op. Deen Ament ass et net méi erlaabt, schwammen ze goen.
Nodeems en Dënschdeg de Moie Prouwen aus dem Waasser geholl goufen, sinn dës an de Labo op de Belval gefouert ginn. Dës ginn hei nach eemol genee ënnert d'Lupp geholl.
Leschte Sonndeg goufe 400 Visiteuren op de Baggerweiere gezielt. En éischte Succès fir déi nei Saison.
Nieft Rëmerschen, Wäiswampech an dem Stauséi kéint geschwë jo och den Iechternacher Séi als Badegewässer dobäi kommen.
Schreiwes
Qualité des eaux de baignade (28.04.2021)
Communiqué par: Administration de la gestion de l'eau
Les eaux de surface suivantes sont ouvertes à la baignade pendant la saison balnéaire 2021 (1er mai - 30 septembre):
1. Le lac de Weiswampach (lac réservé à la baignade) dans la commune de Weiswampach;
2. Le lac de la Haute-Sûre dans les communes limitrophes de Boulaide, Esch-sur-Sûre et Lac de la Haute-Sûre,
3. L'étang de Remerschen (étang réservé à la baignade) dans la commune de Schengen.
Pendant la saison balnéaire, la qualité microbiologique est surveillée aux points de surveillance repris dans le tableau ci-dessous, conformément au Règlement grand-ducal du 8 juillet 2017 modifiant le règlement grand-ducal modifié du 19 mai 2009 déterminant les mesures de protection spéciale et les programmes de surveillance de l'état des eaux de baignade. Sur base de l'article 3 dudit règlement grand-ducal, la qualité des eaux de baignade est évaluée sur les années 2018 à 2020 comme indiquée dans le tableau ci-dessous:
Eau de baignade Points de surveillance Qualité évaluée en 2020
(pour les années de 2018 à 2020)
Lac de Weiswampach Zones 1 et 2 Excellente
Lac de la Haute-Sûre Rommwiss
Excellente
Liefrange
Burgfried
Fuussefeld
Insenborn
Lultzhausen
Étangs de Remerschen Zones 1, 2, 3 et 4 Excellente
Veuillez adresser toute observation, suggestion ou réclamation avant le 30 avril 2021:
• moyennant un courriel à l'adresse électronique baignade@eau.etat.lu ou
• par voie postale à l'adresse suivante:
Madame la Ministre Carole Dieschbourg
Ministère de l'Environnement, du Climat et du Développement durable
4, place de l'Europe
L-1499 Luxembourg
B.P. L-2918