"Als Papp muss ee staark sinn"




































80 Joer sinn et hier, dass d'Lëtzebuerger Jonge vun Tambow aus dem russesche Gefaangenelager zréckkoumen. An enger Expo gëtt sech un déi Zäit erënnert.
Et war de 5. November 1945, wéi den Transport mat enge ronn 600 Jonge vun Tambow zréck op Lëtzebuerg koum. Mat Arrivée op der Stater Gare. Iwwer 1.000 Jonge waren am Lager 188 zu Tambow.
Ee vun hinne war de Joseph Steichen. De 25. August 1943 koum hien an d'russescht Gefaangenelager. Mat net grad emol 20 Joer. Et war ee vun de fënnef éischten. Säi Jong, de Victor Steichen, erënnert sech. "Si waren déi éischt Zäit mat de Fransousen an enger Barack gewiescht. Si waren éiweg eleng. Zwar mat de Kolleegen, awer ouni d'Famill. Keng Kontakter. Et war nämlech verbueden. Deen Ament, wou si op d'Front geschéckt gi sinn, hu se kee Bréifwiessel mat doheem dierften hunn. An am Gefaangenelager war dat scho guer net méi méiglech", sou dem Joseph Steichen säi Jong am RTL Interview.
"Als Papp muss ee staark sinn"
"Mäi Papp huet ni genuch iwwer seng Zäit zu Tambow geschwat. En huet munchmol ugefaangen, doriwwer ze schwätzen, mee da war et awer och grad esou séier eriwwer", sou säi Fils, de Victor Steichen am Gespréich. Vis-à-vis vu frieme Leit hunn d'Jongen, déi am Gefaangenelager waren, iwwer dës Zäit geschwat. Virun der Famill respektiv de Kanner gouf awer ni e Wuert doriwwer verluer. "2006 war ech dunn eng éischte Kéier mat op Tambow an do ass et mir besonnesch opgefall. Mäi Papp hat do eng 10-15 Leit ronderëm sech stoen an huet hinne seng Geschicht erzielt. Wann ech dunn dobäi komm sinn, huet hie flatsch opgehalen. Dat huet mir e bëssi wéi gedoen", sou nach de Victor Steichen.
94 Joer al gouf dem Victor Steichen säi Papp. Am Abrëll 2019 ass de Mann am Diddelenger Altersheem gestuerwen, wou hien zesumme mat senger Fra bis zum Schluss gelieft huet.
Bis de 14. November kann een am Centre polyvalent zu Habscht d'Ausstellung "80 Joer zréck an der Heemecht" kucke goen. Et ass d'Geschicht vun de Lëtzebuerger Jongen a russescher Krichsgefaangenschaft. D'Ausstellung ass a siwen Themen opgedeelt. "Dat fänkt u mat der Zwangsrekrutéierung am allgemengen, duerno gi mir op d'Lager Tambow an, wéi huet et do ausgesinn, wéi war den Alldag do. Dann de Retour an d'Arrivée hei zu Lëtzebuerg", erkläert de Jimmy Carelli, Historiker a Geschichtsproff vu Beruff am Lallenger Lycée.
"Mir sinn eise Leit dat schëlleg"
"D'Memoire muss weider goen". Dat seet den Nello Zigrand, President vun der Habschter Kulturkommissioun. 14 Jongen aus der Gemeng Habscht koumen deemools och an déi russesch Gefaangenschaft. 1958 gouf d'Amicale des Anciens de Tambow offiziell gegrënnt. "Déi Komerodschaft, déi d'Lëtzebuerger zu Tambow erlieft hunn, hu si spéider ënnert sech weidergefouert. Vun deenen 1.000 Jongen, déi am Camp waren, waren der duerno 700 an der Amicale", erzielt den aktuelle President, Paul Scholer.
De leschten Zäitzeien ass virun zwee Joer gestuerwen. Dat war de Marcel Nilles vu Rodange.
"D'Tambower sinn am ganze Land verspreet. De Chef am Camp vun den Tambower, de Metty Scholer, war en Habschter. Ausserdeem kënnt dem Victor Steichen seng Mamm vun Habscht. "An hei zu Habscht waren och vill Zwangsrekrutéierter", betount de Paul Scholer am RTL Interview.
Gebraucht ginn nach jonk Leit, déi an der Amicale eng Hand mat upaken. Hëllef gëtt beim Internetsite gebraucht an och am Ëmgang mat de moderne Medien. "Et kann een och Member vun der Amicale vun den Anciens de Tambow ginn." Dat erzielt mir de President nach um Schluss vun eisem Gespréich zu Habscht.
Um Freideg de 7.November ass owes um 18.30 Auer de Vernissage vun der Expositioun zu Habscht. Duerno ass si bis de 14. November op, vun owes 17 bis 21 Auer. Rendez-vous am Centre polyvalent zu Habscht.